Who is the main cause of phosphorus pollution in our waters?

A recent German study concludes that sewage treatment plants, not agriculture, are responsible for phosphorus pollution in water bodies. The DP MP Gusty Graas asks the Minister of Environment if this conclusion can also be applied to Luxembourg and how high the phosphate concentration is in our waters.

„Eng rezent Etüd vum IZES (Institut für ZukunftsEnergie- und Stoffstromsysteme), déi vum Saarlänneschen Ëmweltministère an Optrag gi war, huet de Phosphorgehalt an de Flëss Theel an Ill analyséiert. Si kommen zur Konklusioun, datt net d’Landwirtschaft, mä éischter d’Kläranlage fir  d’Phosphorbelaaschtung vun de Gewässer responsabel sinn. D’Etüd seet och, datt déi eenzeg Léisung fir datt d‘Ortho-Phosphat-Konzentratioun vun den analyséierte Flëss derzou bäidroe ka fir d’Ziler vun der „Wasserrahmenrichtlinie (WRRL)“ ze erreechen, an enger technescher Optimisatioun vun der Phosphoreliminatioun an de Kläranlage läit.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Ass dës Etüd vum IZES der Madamm Ministesch bekannt?
  • Wann dat de Fall ass, kënnen d’Konklusioune vun dëser Etüd och op Lëtzebuerg iwwerdroe ginn?
  • Kann d’Ministesch bestätegen, datt och zu Lëtzebuerg d’Landwirtschaft net als Haaptverursaacher vun der Phosphorbelaaschtung ugesi ka ginn? 
  • Wéi héich ass d’Ortho-Phosphat-Konzentratioun an eise Gewässer?
  • Wéi sinn d’Kläranlagen zu Lëtzebuerg insgesamt technesch ekipéiert fir de Phosphorgehalt am Waasser ze reduzéieren? 
  • Wat sinn d’Grenzwäerter, déi d’Kläranlage respektéiere mussen? Ass virgesinn dës unzepassen?
  • Weess d’Madamm Ministesch wéi vill Gemenge respektiv Gemengesyndikater plange fir d‘Phosphoreliminatioun vun hire Kläranlagen ze verbesseren?“

Answer

  1. Ass dës Etüd vum IZES der Madamm Ministesch bekannt?

Jo.

  • Wann dat de Fall ass, kënnen d’ Konklusioune vun dëser Etüd och op Lëtzebuerg iwwerdroe ginn?

Allgemeng betruecht, treffen d’Konklusiounen vun där Etüd wuel zou an decken sech och mat de Beobachtungen vun der Waasserverwaltung (AGE) am Zesummenhang mat der Waasserqualitéit. Si ginn och vu regionalen Etüden zu Lëtzebuerg an enger rezenter nationaler Viretüd konfirméiert; se awer op all eis Gewässer an Anzuchsgebidder wëllen z’iwwerdroën wier falsch.

Déi generell Gegebenheiten zu Lëtzebuerg sinn och net iwwerall mat deenen an den zwee Anzuchsgebidder vun Theel an Ill vergläichbar. Ee weidert Argument fir virsiichteg ze sinn mat enger Iwwerdroung op Lëtzebuerg ass de Fakt, datt d’Auteuren vun där Etüd selwer soen, datt hinnen verschidden Donnéeën gefeelt hunn, déi prinzipiell net vernoléissegt dierfe ginn. Dat gëllt zum Beispill fir Einträg iwwert d’Grondwasser, Tëschenabfluss, Drainagen – alles Quellen déi op eng méiglech landwiertschaftlech Pressioun kënnen zeréckgefouert ginn – an och Reewaasserkanäl, Kléngkläranlagen, a.s.w..

  • Kann d’ Ministesch bestätegen, datt och zu Lëtzebuerg d’Landwirtschaft net als Haaptverursaacher vun der Phosphorbelaaschtung ugesi ka ginn?

Wéi an der Äntwert op déi 2. Fro beschriwwen, ass wat de Phosphor ubelaangt an landeswäit gesinn den Ofwaasserberäich als Haaptuersaach unzegesinn. Mee wéi gesot, datt gëllt net fir all eis Gewässer an hir Anzuchsgebidder. An net iwwerall gelaangt Ofwaasser an ee Gewässer.

Et dierf een awer och net de Phosphorwert u sech alleng betruechten, wéi och d’Auteuren vun der Etüd schreiwen. Och wann de Phosphororientéierungswert fir ee gudden Zoustand oder ganz gudden Zoustand agehalen gëtt, kann den Eintrag duerch Waassererosioun oder Iwwerflächenoffloss an ee Gewässer, besonnesch ee stoend Gewässer, ee Problem duerstellen. De Buedem- a Sedimenteintrag iwwer Erosioun an Iwwerflächenoffloss kann de Gewässer, och de Fléissgewässer, Schued maachen. Duerfir sinn Gewässerrandsträifen immens wichteg fir eis Gewässer ze schützen. Och eng Phosphordüngung muss dem Bedarf vun de Planzen ausgeriicht sinn an net doriwwer eraus goen. Et gëllt deemno och um landwiertschaftleche Plang déi néideg Moossnamen ëmzesetzen.

  • Wéi héich ass d’Ortho-Phosphat-Konzentratioun an eise Gewässer?

Zu Lëtzebuerg sinn der leschter Bestandsopnam am Kader vum Plan de Gestion fir d’Joren 2021-2027 no d’Ortho-Phosphat Konzentratiounen an 43 vun de 106 Uewerflächegwässerkierper ënnert dem Grenzwäert vun 0.07 mg/L. Bei 58 ass den Ortho-Phosphat Grenzwäert iwwerschratt an entsprécht deemno net dem gudden ökologeschen Zoustand. Ënner anerem op dëse Waasserkierper si Moossnamen néideg an och geplangt. Et sief awer och bemierkt dass nëmmen 1 Waasserkierper alleng duerch den Ortho-Phosphat de gudden Zoustand net erreecht (wat physiko-chemesch Parameter ugeet). Bei deenen aneren ass ëmmer op mannst een anere Parameter och iwwerschratt. Deemno sinn do och aner Moossnamen ze huelen wei just Phosphorreduktioun, fir de gudden Zoustand ze erreechen.

Fir méi Zuelen iwwer den Zoustand vun de Joren  2015-2021 gëtt op de Bewirtschaftungsplang verwisen deen a senger finaler Versioun den 22. Juli 2022 vum Regierungsrot ugeholl gouf a säitdem op www.waasser.lu publizéiert ass:

https://eau.gouvernement.lu/fr/administration/directives/Directive-cadre-sur-leau/3e-cycle-(2021-2027)/elaboration-du-3e-plan-de-gestion-document-final.html.
  • Wéi sinn d’ Kläranlagen zu Lëtzebuerg insgesamt technesch ekipéiert fir de Phosphorgehalt am Waasser ze reduzéieren?

Kläranlage kënne souwuel onspezifesch (also “spontan” iwwer biologesch Prozesser) Phosphor aus dem Waasser huelen, oder méi effizient iwwer technesch Verfahren wéi déi chemesch Phosphorfällung. Deemno kann och op Anlagen ouni technescht Verfahren Phosphor zu engem Deel éliminéiert ginn, awer d’Effizienz ass limitéiert an erreecht net déi streng Wäerter déi haut am Ofwaasserberäich virgeschriwwe ginn.

Et kann een allerdéngs soen datt zu Lëtzebuerg elo schonn de Phosphor bei deem gréissten Deel vum Ofwaasser geziilt éliminéiert gëtt. Vun de 121 biologesche Kläranlagen déi een Total vu ronn 1 100 000 “équivalents habitant” ausmaachen, gëtt op deenen 41 gréissten Kläranlagen fir en Total vu ronn 1 000 000 “équivalents habitant” Phosphor geziilt technesch éliminéiert, wat ëm déi 90% vun den “equivalents habitant” zu Lëtzebuerg bedeit. Fir déi 80 aner gréisstendeels kleng biologesch Anlagen mat engem Total ëm déi 100 000 “équivalents habitant” ass de Moment nach keng geziilt technesch Eliminatioun a Betrib. Dëst wäert sech awer änneren, well am Moossnameprogramm vum Bewirtschaftunsplang ass virgesinn all biologesch Kläranlag déi net muss vergréissert ginn, trotzdeem mat enger technescher Phosphorfällung auszerüsten.

Nieft de biologesche Kläranlagen zielen mir aktuell zu Lëtzebuerg fir 2021 nach 63 mechanesch Kläranlagen mat engem Kumul vun bal 10 000 “équivalents habitants”. Des Anlagen hu keen techneschen Traitement fir Phosphor geziilt aus dem Waasser erauszehuelen. D’mechanesch Kläranlagen ginn allerdéngs duerch biologesch Kläranlagen ersat an al nei Kläranlag kritt, onofhängeg vun hirer Gréisst, eng Phosphorfällung virgeschriwwen.

  • Wat sinn d’Grenzwäerter, déi d’Kläranlage respektéiere mussen? Ass virgesinn dës unzepassen?

Fir déi meescht eeler bestoend Kläranlagen mat Phosphorfällung gëllt ee Grenzwäert vun 2 mg/L oder méi rare 1 mg/L Gesamtphosphor am Auslaf, konform zum Règlement grand-ducal modifié du 13 mai 1994 relatif au traitement des eaux urbaines résiduaires.

Säit ongeféier 10 Joer kréien all néi Kläranlagen, onofhängeg vun hirer Gréisst, eng Phosphorfällung virgeschriwwen. Ofhängeg vun der Gréisst vun der Baach an déi se aleeden leien des Grenzwäerter zwëschent 2 an 0.5 mg/L. Bedéngt duerch Sensibilitéit vun de Baachen leien déi meeschten Grenzwäerter ënnert 1 mg/L.

  • Weess d’Madamm Ministesch wéi vill Gemenge respektiv Gemengesyndikater plange fir d’Phosphoreliminatioun vun hire Kläranlagen ze verbesseren?“

Wei an der Fro 6 präziséiert kréien all nei Kläranlagen eng Phosphorfällung virgeschriwwen, an dëst onofhängeg vun hirer Gréisst, wouduerch Lëtzebuerg méi streng Oflafwäerter vierschreiwt, wéi déi kommunal Ofwaasserdirectiv (Directiv 91/271/CEE) et viergesäit. Dest resultéiert aus der combinéierter Approche (Emissioun/Immissioun) vum Artikel 10 vun der Direktiv 2000/60/CE (Wasserrahmenrichtlinie, Kaderdirektiv iwwert Waasser),  deen vierschreiwt, Oflafwäerter esou ze fixéieren, datt  de gudden Zoustand vun de Waasserkierper kann erreecht gin.

Am Moossnameprogramm vum Bewirtschaftunsplang ass och virgesinn all biologesch Kläranlag déi net muss vergréissert ginn, trotzdem mat enger technescher Phosphorfällung auszerüsten. Dëst sinn der 18 mat engem Total vu ronn 20 000 “équivalents habitants”. All aner Kläranlagen (souwuel mechanesch wei biologesch) ginn wéinst dem Wuesstem vun der Populatioun nei gebaut bzw. vergréissert an deemno egal wéi mat enger technescher Phosphorfällung équipéiert.

Would you like this parliamentary question to be translated into English?

Share:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

More parliamentary questions

Crushing of materials in the green zone

DP MPs Luc Emering and André Bauler put a number of questions to the Minister for the Environment concerning the crushing of materials in the green zone. In particular, they wanted to know whether a nature protection authorisation was required for this and why every authorisation issued for buildings in the green zone did not mention that recycled materials should be used.

read more...

Will a second PET-CT be purchased ?

The former Minister of Health had announced that a second PET-CT could possibly be purchased in order to shorten the waiting time for patients. DP MPs André Bauler and Carole Hartmann have asked the current Minister of Health where the preparations for the purchase of this second PET-CT are at, whether this machine could possibly come to the hospital in Ettelbrück and how the number of treatments in this area has developed over the last 10 years.

read more...