Zwou nei Maisons médicales fir de Norden an den Osten

De Süden an den Zentrum vum Land kréien 2 nei Maisons médicales. De Gesondheetsministère léisst awer och ënnersichen, wou nei Maisons médicales am Norden an am Oste vum Land opgebaut kéinte ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéieng Kantoner als Standuert consideréiert ginn.

« Dans un communiqué de presse récent, le ministère de la Santé précise que les soins primaires constituent un pilier majeur de notre système de santé et qu’il est important de renforcer l’offre pour assurer aux patients la prise en charge la meilleure. À cet effet, il a désigné les futurs sites pour deux nouvelles maisons médicales de garde au centre et au sud du pays. Elles viendront remplacer les structures qui sont en place à l’heure actuelle.

Le Ministère de la Santé note aussi que des recherches actives pour trouver un nouveau site approprié au service de la région nord du pays, ainsi que pour une offre supplémentaire à l’est, sont également en cours.

Voilà pourquoi nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé:

  • Madame la Ministre peut-elle informer dans quelle région de la circonscription Nord une telle structure pourrait être mise en place? Serait-ce plutôt le canton de Wiltz qui dispose déjà d’une infrastructure hospitalière?
  • Madame la Ministre, quelle région de la circonscription Est pourrait-être envisagée pour la mise en place d’une nouvelle maison médicale?
  • Des consultations avec les partenaires concernés (médecins, cliniques, …) ont-elles déjà eu lieu dans ce contexte ? »

Äntwert

Wat den Norde betrëfft, sou sinn de Santésministère an d’Direktioun vun der Santé an enkem Kontakt mat de betraffene Gemengeresponsabele fir en neie Standuert fir déi aktuell Maison médicale ze fannen. Och an de Géigenden, déi méi wäit fort vun den Haaptspidolssite leien, gëtt d’Schafe vu Maisons médicales aktiv ënnerstëtzt.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...