Claude Meisch

2020/2021 – Eng Rentrée am Zeechen vun der Digitaliséierung

Fir dem digitale Wandel an de Fuerderunge vum Aarbechtsmarché gerecht ze ginn, mussen eis Kanner a Jugendlech léieren, mat de neisten Technologien ëmzegoen. Scho virun der Corona-Pandemie hat de Bildungsminister Claude Meisch decidéiert, eng Partie Moderniséierungen um Schoulprogramm virzehuelen.

Ee vun den Haaptprojeten en Vue vun engem moderne Schoulsystem ass d‘Aféierung vum Coding am Enseignement Fondamental vun der Rentrée 2020/2021 un. Mat dëse spillereschen Aktivitéite sollen d’Kanner léieren, wéi d’Maschinne funktionéieren a wéi ee mat hinne kommunizéiert.

An enger éischter Phase gëtt de Coding just am Kader vum Mathematiksprogramm am Cycle 4 enseignéiert. Vum Schouljoer 2021/2022 un sollen déi digital Kompetenzen dann an all de Cycle gefërdert ginn, andeems sech de Coding ewéi ee roude Fuedem duerch déi verschidde Fächer vum Programm zitt.

Parallel dozou gëtt fir d’Klasse vu 7e bis 5e vum Enseignement Secondaire en neie Cours an de Sciences Numériques agefouert. An deem Kader soll och de Programm one2one weidergefouert ginn, dee virgesäit, dass all Lycéesschüler eng Tablett kritt.

„All Kand soll Accès op d’Sprooch vum 21. Joerhonnert hunn“ (Claude Meisch)

Fir de neien Unterrecht beschtméiglech ëmzesetzen, krut all Grondschoul ee starter kit mat klengen Roboteren an anerem pedagogeschem Material geliwwert. Hei donieft huet de SCRIPT eng Websäit mat Iddien a Ressourcen fir de Coding Unterrecht geschaaft – www.educoding.lu

Fir d’Digitaliséierung vun de Schoulen effikass ëmzesetzen, gouf déi nei Enseignantskarriär vum instituteur spécialisé en compétences numériques agefouert. Fir d’Rentrée 2020/2021 si 15 nei Enseignanten rekrutéiert ginn, déi hir Aarbechtskolleegen bei Froen iwwer de Medien- a Coding-Unterrecht beroden an ënnerstëtzen sollen. Ausserdeem offréiert den IFEN eng Rëtsch nei Formatiounen am Beräich computational thinking.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...