Question
„D’Tetanus-Impfung géint de sou genannte « Wund-Starrkrampf » ass eng Impfung, déi souwuel bei Kanner wéi bei Erwuessenen duerchgefouert gëtt. Si muss reegelméisseg widderholl gi fir wierksam ze sinn. Et gëtt etlech Fäll, wou dës Impfung awer net widderholl gëtt, well d’Leit sech net méi drun erënneren, keen Impfpass hunn oder et guer net méi wëssen.
Aus deem Grond wollt ech d’Madamm Gesondheetsministesch Follgendes froen:
- Féiert d’Santé Statistiken iwwer d’Zuel vun de Leit, déi an der Bevëlkerung géint Tetanus geimpft sinn? Wa jo, wéi héich ass dëse Prozentsaz an de verschiddenen Alterskategorien?
- Wéi vill Leit sinn an de leschten zéng Joer un Tetanus verscheet an a wéi engem Alter ?
- Plangt d’Santé fir d’Leit ze sensibiliséieren dës Impfung a reegelméissegen Ofstänn maachen ze loossen?
- Wéi vill elektronesch Impfcarneten (CVE) goufe bis haut aktivéiert?
- Wéi vill Dokteren notzen den Outil vum CVE, opgeschlësselt no Spezialisatioun?”