International Sécherheet op Futtballmatcher

D’Assemblée interparlementaire Benelux huet de 19. Mäerz 2021 eng recommandéiert Propositioun adoptéiert, iwwer d’international Sécherheet op Futttballmatcher an am Kampf géint de Rassismus. Den DP-Deputéierte Gusty Graas, huet déi zoustänneg Ministeren ënnert anerem gefrot, wéi d’Benelux Länner den Informatiounsaustausch optiméiere kéint, an ob et ubruecht ass, d’Hooligans dovun ofzehalen an aner Länner ze fueren. Allgemeng wollt den Här Graas nach wëssen, wéi d’Lëtzebuerger Regierung gedenkt mat der recommandéierter Propositioun ëmzegoen.

« Lors de sa séance plénière du 19 mars dernier, l’Assemblée interparlementaire Benelux a adopté une proposition de recommandation concernant la sécurité internationale dans le football et la lutte contre le racisme. Notre pays non plus ne peut ignorer ce problème sociétal.

Dans ce contexte j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre des Sports et à Monsieur le Ministre de la Sécurité intérieure :

  • Comment les pays du Benelux peuvent optimiser l’échange d’informations relatif aux événements sportifs à risques ?
  • Est-ce que des interdictions de sortie de territoire pour empêcher les hooligans de se rendre dans d’autres pays sont opportunes ?
  • Est-ce que Messieurs les Ministres le jugent-ils nécessaire de renforcer les campagnes de sensibilisation relatives à la lutte contre toutes formes de violences dans les stades ?
  • En général, quelles suites le Gouvernement luxembourgeois entend-il réserver à cette proposition de recommandation de l’Assemblée parlementaire Benelux ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...