Wéi steet et ëm d’Reguléierung vun de Muffelen zu Iechternach?

Wéinst dem héije Wëldschued hat d'Ëmweltministesch ufanks 2020 eng administrativ Juegd op d'Muffelen zu Iechternach ugekënnegt. Den DP-Deputéierte Guy Arendt huet nogefrot, ob dës Juegd tatsächlech stattfonnt huet a wa jo, wat d'Resultat dovu war.

„Wéinst der onkontrolléierter Reproduktioun a Verbreedung vun de Muffelen an dem doraus entstanene Wëldschued hat d’Madamm Ministesch am Fréijoer 2020 eng administrativ Juegd ugekënnegt fir d’Muffelpopulatioun am Raum Iechternach ze reguléieren.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Ass dës administrativ Juegd ewell ofgehale ginn? Wa jo, wat war d’Resultat vun der Juegd?
  • Falls net, wat sinn d’Grënn heifir?
  • Falls se net stattfonnt huet, gëtt et schonn en Datum fir d’Juegd nozehuelen?
  • Wéi huet d’Muffelpopulatioun zënter Ufank 2020 evoluéiert?
  • Wéi huet sech de Wëldschued duerch Muffelen zënterhier entwéckelt?
  • Sinn eventuell och aner Mesuren virgesi fir d‘Muffelpopulatioun ze reguléieren?
  • Op wéi engen anere Plazen am Land gëtt et Muffelen?
  • Ass et néideg och dës Populatioune méi staark ze reguléieren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...