Wéini ginn d’Héichwaasserschied un enger Mauer zu Veiane gefléckt?

Duerch d'Héichwaasser vum Juli ass zu Veianen eng Mauer, déi eng Strooss stäipt, agefall. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt wëssen, wéini dëse Schued gefléckt gëtt.

Viru bal fënnef Méint ass zu Veianen laanscht d’Our no bei der Bréck op der rietser Säit vum Floss eng Mauer agefall, well en Deel vun der Mauer vum Héichwaasser wechgerappt ginn ass. Dës Mauer stäipt d’Strooss vu Veianen iwwer Biwels op Stolzebuerg.

An deem Kontext wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Ass de Schued scho vun der zoustänneger Verwaltung evaluéiert ginn?
  • Wat fir Aarbechte mussen hei genee duerchgefouert ginn?
  • Wéi laang wäerten dës Aarbechten héchstwarscheinlech daueren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...