schwein

Weider Hëllef fir de Schwéngssecteur?

Dem Schwéngssecteur geet et nach ëmmer ganz schlecht. Vill Produzente wäerten hir Produktioun astelle mussen. D’DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob net nach weider Hëllefe fir de Secteur kéinte kommen a wat déi Schwéngsproduzente mat hire Gebaier kënnen an Zukunft maache falls se ophale mussen.

An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro vum 18. November 2021 huet de Landwirtschaftsminister confirméiert, datt ënner den aktuelle Konditiounen eng käschtendeckend Produktioun am Schwéngssecteur zu Lëtzebuerg net méiglech ass, et sief dann d’Reserven aus de konjunkturell staarke Jore géifen esou eng laang Iwwerbréckung erlaben. Hien huet och präziséiert, datt enger Ëmfro no, ganz vill Betribsleeder am Schwéngssecteur drun denken, opzehalen. Vun den 33 befrote Betriber géifen der 12 (36%) d’Schwéngsproduktioun an de nächste Joren net weiderféieren.

Fir aner Betriber gëtt en keen anere Choix wéi weiderzefueren, well hir Investitioune mussen ofgeschriwwe ginn. Leider huet d‘Situatioun am Schwéngssecteur sech nach ëmmer net gebessert an d’Bäihëllefe fir d’Existenzsécherung vun Enn 2020/Ufank 2021 si schonn erëm verbraucht.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Kéint de Minister sech weider Krisenhëllefe fir déi Betriber virstellen, déi keng Alternativ hu wéi mat der Schwéngsproduktioun weiderzefueren? Wa jo, wéi kéinten dës Hëllefen ausgesinn?
  • Fir wat wéi eng Zwecker dierf e Schwéngsziichter, deen aus ekonomesche Grënn muss ophalen, seng Gebaier , déi an enger Gréngzone leien an Zukunft nach benotzen? Dierf een zum Beispill e Schwéngsstall an ee Päerdsstall ëmfonctionéieren?
  • Kéint d’Madamm Ministesch sech an deem Kader eng allegéiert Prozedur fir eng Ëmnotzung vun de Schwéngsbetriber, déi an enger Gréngzone leien, virstellen?“

Réponse:

D’Servicer vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung wäerte fir Enn Februar eng genee Analyse iwwert déi aktuell Situatioun am Schwéngssecteur erstellen. Dës Analyse soll notamment d’Basis sinn, fir iwwert eventuell weider Hëllefen ze decidéieren.

Fir de Rescht gëllt d’Naturschutzgesetz.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...