Reaktioun vum Minister op den Opruff fir d’Covid-Demonstratioun virum Spidol Robert Schuman um Kierchbierg?

An hirer drénglecher parlamentarescher Fro wëllen d'DP Deputéiert Claude LAMBERTY a Carole HARTMANN wësse, wéi den zoustännege Minister op den Opruff fir virum Spidol Robert-Schuman ze demonstréiere reagéiert, besonnesch mam Wësse wéi d'Manifestatiounen an de leschte Wochen ofgelaf sinn.

Fro

Et ass eis zu Ouere komm, datt op verschiddene soziale Medien een Opruff gemaach gëtt fir d’nächst Woch un enger Covid-Demonstratioun virum Spidol Robert Schuman um Kierchbierg deelzehuelen.

Ofgesinn dovunner, datt dëst inakzeptabel vis-à-vis vun dem ganze Gesondheets- a Fleegepersonal ass, dat zanter bal zwee Joer un éischter Front am Kampf géint d‘Pandemie steet, wéilte mir an deem Kader dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Huet den Här Minister scho vun dësem Opruff op de soziale Medien héieren?
  • Gouf dës Manifestatioun schonn iwwer den offizielle Wee bei den zoustännegen Autoritéiten ugemellt?
  • Wéi reagéiert de Här Minister vis-à-vis vum Opruff virun enger Klinik ze demonstréieren, besonnesch mam Wësse wéi d‘Manifestatiounen an de leschte Wochen ofgelaf sinn ? 
  • Ass den Här Minister och der Meenung, dass zu all Moment am Land d’Accèsen an d’Zoufaartsweeër zu de Klinicken, mee och zu anere wichtege Rettungsdéngschter an Unitéiten net duerch Manifestatiounen dierfe perturbéiert ginn?
  • Wäert an deem Kader also séchergestallt ginn, datt den Accès zum Spidol fir d’Patienten an d’Rettungsdéngschter zu all Moment garantéiert bleift?“

Äntwert

Huet den Här Minister scho vun dësem Opruff op de soziale Medien héieren?

D’Police assuréiert ee Monitoring vun de soziale Medien fir sech am Kontext vun de rezenten Manifestatiounen an der Entwécklung vun der Situation adequat kënnen opzestellen. De Minister steet a regelmeissegem Kontakt mat der Direktioun vun der Police an de Regionaldirektiounen.

Gouf dës Manifestatioun schonn iwwer den offizielle Wee bei den zoustännegen Autoritéiten ugemellt?

Zum Zäitpunkt wou dëss parlamentaresch Fro era komm ass, ass säitens der Stad Lëtzebuerg dem MSI konfirméiert ginn, dass dëss Manifestatioun net ugefrot ginn ass.

Wéi reagéiert de Här Minister vis-à-vis vum Opruff virun enger Klinik ze demonstréieren, besonnesch mam Wësse wéi d‘Manifestatiounen an de leschte Wochen ofgelaf sinn?

All net ugemellten Manifestatiounen a Manifestatiounen déi ausserhalb dem Zoning stattfannen, dee virgesi gi ass fir d’Sëcherheet vun de Bierger an de Polizisten versteisst geint Gemengereglement dat virschreift dat all Manifestatioun muss am Virfeld ugemellt ginn.

Ass den Här Minister och der Meenung, dass zu all Moment am Land d’Accèsen an d’Zoufaartsweeër zu de Klinicken, mee och zu anere wichtege Rettungsdéngschter an Unitéiten net duerch Manifestatiounen dierfe perturbéiert ginn?

Jo. Accèsen an Zoufaartsweeër zu de Klinicken mussen iwerall an ënner allen Ëmstänn fräi bleiwen.

Wäert an deem Kader also séchergestallt ginn, datt den Accès zum Spidol fir d’Patienten an d’Rettungsdéngschter zu all Moment garantéiert bleift?“

Déi eischt Prioritéit vum Dispositif vun der Police ass dass keng Persoun zu Schued kënt.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...