Ass virgesinn, de Feldwee tëscht Waarken a Bierden als Parksträifen ze amenagéieren?

Den ale Wee, nieft dem CR348 tëscht Waarken a Bierden ass an engem schlechten Zoustand, kéint awer nach als Parksträife fir Leit déi do spadséiere ginn, genotzt ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot.

Nieft dem Chemin repris 348 tëscht Waarken a Bierden, am Ausgang vu Waarken, wann ee Richtung Éislek fiert, läit een Terrain (kleng Wiss) op deem een nach eng fréier Strooss (ongeféier 100 Meter) entdecke kann, déi allerdéngs an engem ganz schlechten Zoustand ass.

Dësen ale Wee kéint awer nach duerchaus als Parksträife genotzt ginn, fir deene ville Leit, déi op de Plateau „Haardt“ spadséiere ginn fir sech z’erhuelen, entgéintzekommen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Gehéiert dësen Terrain dem Staat?
  • Wa jo, ass den Här Minister gewëllt dësen Tronçon als Parksträifen ze notzen fir de Spadséiergänger méi Sécherheet a Konfort ze bidden?
  • Wann nee, goufen et awer eventuell Kontakter tëscht dem Staat an der Gemeng fir hei eng gutt Léisung ze fannen?

Äntwert

Gehéiert dësen Terrain dem Staat?

Dëse vum honorabelen Deputéierte beschriwwenen Terrain an déi sech hei befannent Strooss gehéieren net dem Staat. D’Wiss gehéiert enger Privatpersoun an déi ongeféier 100 Meter laang Strooss gehéiert der Gemeng Ettelbréck.

Wa ja, ass den Här Minister gewëllt dësen Tronçon als Parksträifen ze notzen fir de Spadséiergänger méi Sécherheet a Konfort ze bidden?

Folgend dem Fait datt dësen Terrain an och déi hei beschriwwe Strooss net dem Staat gehéieren, kann ech hei keng weider Aussoe betreffend dësen Iwwerleeungen tätegen.

Wann nee, goufen et awer eventuell Kontakter tëscht dem Staat an der Gemeng fir hei eng Léisung ze fannen?

Déi hei beschriwwen Problematik ass mir an mengen Servicer net bekannt an bis dato gouf och nach keen Kontakt vun oder mat der Gemeng gesicht.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...