Keen Impfbus méi fir de Norden?

Een Impfbus, deen zu Ettelbréck ënnerwee war, huet spontan missen een Impfbus am Zentrum ersetzen. Dëst obwuel zu Ettelbréck Bierger fir hir Impfung an der Schlaang stoungen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi den Impfbusdéngscht am Land organiséiert ass, firwat den Impfbus vun Ettelbréck huet missen am Zentrum asprangen, an ob et zoutrëfft, datt an Zukunft d'Impfbusser net méi bis an de Bezierk Norde fueren.

Fro

Mir ass vu besuergte Leit beriicht ginn, datt den Impfbus, deen de leschte Freideg, 12. August, zu Ettelbréck op der Place Marie-Thérèse tëscht 12 an 18 Auer d‘Leit empfaangen huet, ënner anerem fir den 2. Booster ze ginn, d‘Pattonstad huet missen Hals iwwer Kapp Richtung Lëtzebuerg verloossen, fir op den Ausfall vun engem anere Bus am Zentrum ze reagéieren. Leider stoungen awer zu deem Abléck ronn dräi Dose Biergerinnen a Bierger an der Rei ze waarden an hu missen op eemol heem goen. 


Aus deem Grond wollt ech d’Madamm Gesondheetsministesch Folgendes froen:

  • Wéi ass den Impfbusdéngscht de Moment landeswäit organiséiert? 
  • Firwat huet den Impfbus d’Stad Ettelbréck stante pede misse verloossen? Wéi sinn déi betraffe Leit duerno en charge geholl ginn? Wat gouf hinne geroden?
  • Stëmmt et, datt den Impfbus an noer Zukunft nach just bis op Miersch a wierklech net méi an de Bezierk Norde gefuer soll kommen? Wann deem sou sollt sinn, wier d’Madamm Minister da bereet, fir an der Verwaltung z’intervenéieren, fir datt dat geännert gëtt?

Äntwert

Säit Ufank August ginn et zwee Impfbussen déi deeglech Tournéeën maachen woubäi probéiert gëtt déi verschidden Landesdeeler ofzedecken.

Den 12. August sollt e Bus op Ettelbréck fueren an den zweeten Bus war virgesinn an der Stad op der Gare. Et koum awer zu enger mechanescher Panne beim Impfbus deen initial op Ettelbréck sollt fueren. Nodeem d’Busfirma d’Direktioun vun der Santé iwwert dës Panne informéiert hat, a matgedeelt huet dass keen Reservebus zu Verfügung stoung, gouf décidéiert d’Missioun zu Ettelbréck kuerzfristeg z’annuléieren an nëmmen op der Gare ze impfen.

D’Equipe vum Impfpersonal ass dunn mat dem Material an de Vaccinen op d’Gare gaangen, awer duerch een mënschlechen Feeler bei der Busfirma, ass den eenzegen Impfbus awer op Ettelbréck gefuer. De Bus ass zu Ettelbréck ukomm, ouni Vaccinen, Material a Personal, an dofir konnten do keng Impfungen gemaach ginn, an de Bus huet missen zréck an d’Stad fueren.

Dëse punktuellen Problem war also bedéngt duerch eng mechanesch Panne an e mënschleche Feeler bei der Busfirma. No Récksprooch mat der Firma gouf nach emol kloer gestallt, dass ëmmer e Reservebus muss disponibel sinn, wéi dat och initial am Cahier des charges virgesinn war.

Et ass net korrekt dass den Impfbus an Zukunft nëmmen bis op Miersch fueren wäert. Zum Beispill ass erëm den 2. September e Passage zu Ettelbréck virgesinn. Aner Passagen am Norden si virgesinn am Pommerlach an zu Veianen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...