Wéini gëtt déi al N7 tëscht dem Këppenhaff an dem Fridhaff frësch gemaach?

Well déi al N7 tëscht dem Këppenhaff an dem Fridhaff an engem schlechten Zoustand ass, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wéini dëse Streckenofschnëtt frësch gemaach gëtt.

Déi al N7 tëscht dem Këppenhaff an dem Fridhaff ass an engem äusserst bedauerlechen Zoustand an deelweis kaum nach ze befueren. Dëse Streckenofschnëtt ass also net méi gutt accessibel fir d‘Proprietairë vun de Wisen a Bëscher, déi laanscht dës fréier Strooss leien.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ass geplangt fir dëse Streckenofschnëtt ze erneieren?
  • Ass virgesinn dëse Streckenofschnëtt an Zukunft ze notzen am Fall wou op der N7 geschafft gëtt oder en Akzident ass, dat net séier geraumt ka ginn?
  • Wéi vill aner Streckenofschnëtter laanscht d‘N7 sinn de Moment an engem schlechten Zoustand a misste sanéiert ginn fir och als Spadséierwee, als Picnic-Plaz oder einfach als Noutstrooss am Fall vun Aarbechten an Akzidenter genotzt ze ginn?“

Äntwert

Ass geplangt fir dëse Streckenofschnëtt ze ernéieren?

Et ass geplangt dëse Streckenofschnëtt am Kader vun der Sécurisatioun vun der Nationalstrooss (N7) ze erneieren. Dësen Ofschnëtt gëtt uschléissend als national Vëlospist (PC7) benotzt.

Ass virgesinn dëse Streckenofschnëtt an Zukunft ze notzen am Fall wou op der N7 geschafft gëtt oder en Akzident ass, dat net séier geraumt ka ginn?

Wéi an der éischter Fro well duergeluecht ginn ass, ass et geplangt dësen Ofschnëtt als Vëlospist ze notzen. Sollt et awer zu engem Ongléck op dëser Plaz kommen, kéint een sech awer virstellen och den Autostrafic iwwert dësen Ofschnëtt ze deviéieren.

Wéi vill aner Streckenofschnëtter laanscht d’N7 sinn de Moment an engem schlechten Zoustand a misste sanéiert ginn fir och als Spadséierwee, als Picnic-Plaz oder einfach als Noutstrooss am Fall vun Aarbechten an Akzidenter genotzt ze ginn?

Déi meecht aner Streckenofschnëtter laanscht d’N7, déi an engem änlechen Zoustand sinn, wäerte spéiderhin am Kader vun der Sécurisatioun vun der N7 Bestanddeel vun der neier nationaler Vëlospist (PC7) ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...