Zuch

Wéi ginn d’Aarbechten um Tunnel Schieburg virun?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot wou d'Aarbechten um Tunnel Schieburg dru wieren an op de viséierten Zäitplang agehale wäerte kënne ginn.

“Nom Broch am Tunnel Schieburg tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz viru bal fënnef Méint ass vun der CFL matgedeelt ginn, datt déi infrastrukturell Aarbechten amgaang sinn an datt se net virun Abrëll ofgeschloss wäerte kënne ginn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wat fir Aarbechte konnte bis elo am Tunnel weidergedriwwe respektiv ofgeschloss ginn?
  • Ass et eventuell zu Komplikatiounen oder onerwaarte Contraintë komm?
  • Kann den ugekënnegten Timing agehale ginn oder besteet e Risiko, datt dës Aarbechte méi laang brauche wéi ugeduecht?
  • Ass vu Säite vun der CFL virgesi fir déi betraffen Usageren a Gemengen a reegelméissegen Ofstänn iwwer de Verlaf vun den Aarbechten z’informéieren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Chômage complet fir Independanten

Independante kënnen ënner gewëssene Conditioune Chômage complet ufroen.

D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu beim Aarbechtsminister nogefrot, wéi vill Independanten an de leschte Joren de Chômage complet ugefrot hunn, wéi vill Demande refuséiert goufen a wéi oft een Independant a Recours géint de Refus gaangen ass.

weiderliesen...

Wéi laang waarde Patienten op den Accord fir eng Zännprothees ?

Wann ee Patient eng Zännprothees brauch, muss den Zänndokter fir d’éischt een Devis un de Contrôle médical de la Sécurité sociale (CMSS) schécken. Ouni Accord vum CMSS kritt de Patient d’Zännprothees net rembourséiert.

D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi vill Devisen dëst Joer ageschéckt goufen, wéi laang d’Delaien zurzäit sinn an ob engem Patient Iwwergangsléisunge proposéiert kënne gi bis den CMSS säin Accord ginn huet.

weiderliesen...