Ass e Busarrêt fir d’Linn 170 an der Aktivitéitszon ZANO um Fridhaff virgesinn?

Den DP-Deputéierten André Bauler wollt wëssen, ob geplangt ass en Arrêt fir d'Buslinn 170 an der Aktivitéitszon ZANO um Fridhaff anzeriichten.

„D‘Buslinn 170 vun Huldang op Ettelbréck fiert duerch d’Aktivitéitszon ZANO um Fridhaff, ouni dass se awer de Moment do stoe bleift. Dëst féiert dozou, dass déi Leit, déi do schaffen, op der Ettelbrécker Gare d’Linn 117 huele musse fir rëm zréck an d’Aktivitéitszon ZANO, wat net just ëmständlech fir déi betraffe Leit ass, mee och zousätzlech Zäit kascht.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Firwat gëtt et de Moment nach keen Arrêt fir den 170 an der ZANO-Fridhaff?
  • Ass et méiglech fir sou séier wéi méiglech en Arrêt fir d’Buslinn 170 an der ZANO virzegesinn fir esou de beruffstätege Leit entgéint ze kommen?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

weiderliesen...

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...