Wou sinn d’Aarbechten um “Plan de délestage” fir de Fall vun enger Gas-Coupure drun?

Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, wou d'Aarbechten um "Plan de délestage", deen definéiere soll wéi eng Acteuren am Fall vun enger Coupure vum Gas hir Aktivitéit wéi vill an a wéi enger Reiefolleg reduzéiere mussen, dru sinn a bis wéini se ofgeschloss solle sinn.

„Laut dem Generaldirekter vun ArcelorMittal zu Lëtzebuerg wier d’Aktualiséierung vum „Plan de délestage“, deen definéiere soll wéi eng Acteuren am Fall vun enger Coupure vum Gas hir Aktivitéit wéi vill an a wéi enger Reiefolleg reduzéiere mussen, nach net fäerdeg – dat obwuel den Hierscht virun der Dier steet.

Vu dass déi verschidde betraffen Acteuren, ënner anerem déi kleng a mëttelstänneg Betriber an d’Industrie, natierlech Previsibilitéit fir déi nächst Méint brauchen, ass et wichteg d’Aarbechten un dësem Plang sou séier et geet ze finaliséieren.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen:

  • Wou sinn d’Aarbechten un der Aktualiséierung vum genannte Plang drun?
  • Firwat konnten dës Aarbechte bis elo nach net ofgeschloss ginn?
  • Fir wéini wäert den aktualiséierte Plang fäerdeg gestallt kënne ginn?“

Äntwert vum Minister fir Energie, Claude Turmes, op d’parlamentaresch Fro n°6811 vum 12. September 2022 vum éierewäerten Deputéierte Max Hahn iwwer de ‘’ Plan de délestage en cas de coupure de gaz naturel’’

Wou sinn d’Aarbechten un der Aktualiséierung vum genannte Plang drun?

De „Plan de délestage“ gëtt vun deene Gestionnaire fir de Gasreseau ausgeschafft an ass nieft dem „Plan d’intervention d’urgence“ vum HCPN an dem „Plan d’urgence relatif à la sécurité d’approvisionnement en gaz naturel du Luxembourg“ vum Ministère de l‘Énergie et de l’Aménagement du territoire ee vun deenen dräi operative Pläng fir d’Gestioun vun eventuelle Versuergungskrisen am Gasberäich zu Lëtzebuerg. Fir all dräi Pläng gouf am Fréijoer virun dem Hannergrond vun der aktueller Energiekris vun deene jeeweilege responsabelen Acteuren eng Mise à Jour ugestouss. Den HCPN huet d’Mise à Jour vu sengem Plang de 16.9. adoptéiert, an déi zwee aner Pläng wäerten den 19.10. op enger Pressekonferenz virgestallt ginn.

Firwat konnten dës Aarbechte bis elo nach net ofgeschloss ginn?

Déi verschidde Pläng hunn zum Deel substantiell missen iwwerschafft gi fir der neier a komplexer Gesamtsituatioun an der Gasversuergung adequat Rechnung ze droen. Dobäi war et wichteg, d’Pläng konsistent openeen ofzestëmmen, an doriwwer eraus och mat deene verschidden Acteuren am Secteur souwéi mat deene relevante Ministèren am Kader vun der Taskforce Energie ze consultéieren.

Fir wéini wäert den aktualiséierte Plang fäerdeg gestallt kënne ginn?

Dee „Plan de délestage“ souwéi dee „Plan d’urgence relatif à la sécurité d’approvisionnement en gaz naturel du Luxembourg“ wäerten den 19.10. op enger Pressekonferenz virgestallt ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...