Iwwerfëllte Busser op der Linn 146: Wat gëtt gemaach fir d’Situatioun ze verbesseren?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass rezent d'Busser op der Linn 146 moies därmoossen iwwerfëllt waren, dass Schüler hu misse stoe gelooss ginn. Aus deem Grond huet hien nogefrot, wat virgesinn ass fir d'Situatioun ze verbesseren.

„Zu mengem allergréissten Erstaunen ass mer zu Ouere komm, datt déi lescht Woch a gëschter Méindeg de Bus RGTR 146, dee vu Wooltz iwwer Bidscht, Géisdref, Dol, Nacher bis op Kautebaach fiert, moies fréi eng ganz Rei Leit huet misse stoe loossen, dorënner Kanner, déi sechs Mol hannerteneen an enger Woch bei der Nacher Schoul um 7.14 Auer stoe gelooss goufen. De Bus huet nëmmen néng Plazen, muss awer däitlech méi Leit transportéieren. Dat féiert dozou, datt d’Elteren Hals iwwer Kapp mussen asprange fir d’Kanner op Ettelbréck oder Dikrech an d’Schoul ze féieren, well se soss eng Prüfung oder de Cours verpassen.

Aus deem Gronn wollt ech den Här Mobilitéitsminister folgendes froen:

  1. Ass den Här Minister iwwer dës mësslech Situatioun informéiert ginn?
  2. Huet den Här Minister iwwer seng Zerwisser dofir suerge gelooss, datt dëse Fall sech an Zukunft net méi widderhëlt an d’Kapazitéit (Plazen am Bus) eropgesat gëtt?
  3. Sinn dem Här Minister änlech Fäll an aneren Deeler vum Weelzer Kanton an doriwwer eraus bekannt?“

Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op d’parlamentaresch Fro n° 7233 vum 24. November 2022 vum Här Deputéierten André Bauler.

D’Fro ass identesch zur Fro n° 7227.

Op der Linn 146 wäerten iwwer de ganzen Dag Standard Bussen mat 50 Setzplazen agesat ginn amplaz vu Minibussen.

Aner dringend Fäll sinn de Moment net bekannt. Wann et sech erweist datt an Zukunft iergendwou Kapazitéiten net duer ginn wäerte méng Servicer de Méiglechkeeten no reagéieren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...