Nach ëmmer Problemer mam Mobibus?

Den DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty ass zu Ouere komm, dass et nach ëmmer Problemer mam Mobibus gëtt, dat nodeems si schonns am September dem zoustännege Minister eng Fro zum Thema gestallt haten.

Am September 2022 goufen et eng ganz Partie Problemer beim Mobibus, dem Transport vu Persoune mat enger Behënnerung. De Grond heifir war haaptsächlech d’Aféierung vun enger neier informatescher Plattform fir d’Trajeten z‘organiséieren.

An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro n°6895 vum 26. September 2022 huet den Här Minister geschriwwen, dass entspriechend Mesurë geholl goufe fir de Verspéidungen an de Komplikatiounen entgéintzewierken.

Allerdéngs ass eis zu Oueren komm, dass et aktuell nach ëmmer eng Partie Schwieregkeete géif ginn. Sou géifen d’Fuerzäite reegelméisseg changéieren an et géif dacks zu Verspéidunge kommen, respektiv de Bus kéim ze fréi, soudass d’Leit e verpassen.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Kann den Här Minister dës Informatioune confirméieren?
  • Wat sinn d’Grënn dofir, dass et weiderhi Problemer beim Mobibus gëtt?
  • Wéi vill Reklamatioune kruten d’Servicer vum Här Minister an deem Zesummenhang vu Januar bis Mäerz 2023?
  • Wéi wëll den Mobilitéitsminister an Zukunft en beschtméiglechen Service fir Persoune mat enger Behënnerung garantéieren?
  • Ass an deem Kader virgesinn, weider Personal anzestellen?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

weiderliesen...

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...