Ee PET-Scan fir d’Ettelbrécker Spidol ?

Lëtzebuerg soll een 2. PET-Scan kréien. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob et net sënnvoll wier dësen Apparat am Ettelbrécker Spidol z’installéieren.

Fro

Mir si gewuer ginn, datt e weidere PET-Scan an engem Spidol soll installéiert ginn. Aktuell ass jo ee PET-Scan an der Stad, am Centre Hospitalier, ugesiddelt, ma et wier wierklech exzellent, wann dee weideren Apparat kéint an d’Ettelbrécker Klinik kommen. All kriibskrank Leit, déi nämlech am Norde vum Land wunnen an op sou e medezineschen Apparat ugewise sinn, musse wäit Weeër op sech huelen, verbonne mat engem enormen Zäitopwand. Op Ettelbréck kéinten och Patienten aus dem Zentrum an aus dem Weste vum Land kommen – net ze vergiessen och aus dem Kanton Iechternach.

Aus dësem Grond wollte mir d’Madamm Gesondheetsministesch Folgendes froen:

  • Ass et virgesinn, datt en neie PET-Scan op Ettelbréck komme soll? Läit eng Demande vun der Ettelbrécker Klinik vir?
  • Wa jo, fir wéini kéint mat sou engem Apparat zu Ettelbréck gerechent ginn?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...