Gilles Baum

Alldag vun de Bierger verbesseren: virun, wärend an no der Kris

Impfen hëlleft! D’Kombinatioun vun de Vaccinatiounen a vun de sanitäre Reegelen, hunn hir Wierkung gewisen. Och wann et an der Lescht erëm méi positiv Fäll ginn huet. Dat muss een eescht huelen an am Bléck behalen.

Lëtzebuerg ass bis elo gutt duerch d’Pandemie komm. Ouni den Engagement, d’Responsabilitéit an d’Solidaritéit vun de Leit hei am Land wier dat net méiglech gewiescht. Dofir musse mir alleguerten op deem ageschloene Wee virufueren.

D’DP begréisst besonnesch, datt d’Regierung an hir Majoritéit an der Lutte géint de Covid Efforte gemaach hunn, fir déi sozial Ongläichheeten ze bekämpfen – bei de Leit selwer an an de Betriber.

Dat kascht alles Suen, och wann de Finanzminister Pierre Gramegna mat enger responsabeler Budgetspolitik fir den néidege Sputt gesuergt huet. Mir konnte frou si mat gesonde Staatsfinanzen an dës Kris eragaangen ze sinn. Wéinst dem budgetäre Lach, dat d’Pandemie an eis Keese räisst, ass awer kloer, datt et onverantwortlech wier, fir elo eng ëmfaassend Steierreform ëmzesetzen. Eng Steierreform mat zousätzleche Scholden ze finanzéiere kënnt fir d’DP net a Fro. An engems soe mir, datt et net de richtegen Zäitpunkt fir Steiererhéijungen oder Baissen ass – also och net fir eng Corona-Steier.

Fir d’DP gëtt et awer och keen einfachen Zeréck an déi al Normalitéit. Wat gutt fonctionéiert huet, soll bäibehale ginn an do wou Nohuelbedarf besteet, wëlle mir nobesseren. Esou muss den Teletravail op fräiwëlleger Basis z.B. weider gefërdert ginn.

En anere Chantier sinn d‘Aarbechtszäiten, wou mir onbedéngt méi individuell Flexibilitéit brauchen, déi muss tëschent dem Salarié an dem Patron ausgehandelt ginn. Un der maximaler Aarbechtszäit an un de Supplemente fir Sonndeger a Feierdeeg gëtt dogéint net gefréckelt.

D’DP begréisst de Succès vum Homeoffice an der Kris. Dat heescht awer net, datt d’Leit musse permanent disponibel sinn: Stéchwuert Droit à la déconnexion. Déi digital Disponibilitéit muss däitlech Grenzen hunn, fir datt de psycheschen Drock doheem d’Leit net krank mécht.

Dat nämmlecht gëllt fir eng adequat sozial Ofsécherung vun de fräischaffende Leit wärend Krisenzäiten. Eng aner Fuerderung ass d’Nobesserung op 10 Deeg Pappecongé fir Independanten.

Dir gesitt, datt de Covid-Virus d’Politik net paralyséiert. D’Dezentraliséierung vun eiser Ekonomie a vun den ëffentleche Verwaltungen, d’Stäerke vun eisem Gesondheetssekteur, d’Fërdere vum lokale Konsum an de lokale Produktiounsketten an d’Schafe vun méi abordabele Wunnraum si weider Prioritéite fir déi kommend Méint.

D’Prioritéitelëscht vun der DP ziilt op eng Verbesserung vum Alldag vun eise Bierger a Biergerinnen – doheem an op der Schaff. Dofir setze mir eis an: virun, wärend an no der Kris.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...

Situatioun am Noen Osten

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas huet dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, déi de Konflikt am Noen Oste ka mat sech bréngen.

weiderliesen...

Selbstbestëmmung, eng fundamental Fräiheet

„D’Biergerinnen an d’Bierger mussen drop vertraue kënnen, datt fundamental Rechter a Fräiheeten net vun enger Legislaturperiod op déi aner a Fro gestallt ginn“, huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei den Debatten iwwer d’Aschreiwe vun der Libertéit op Avortement an der Chamber ënnerstrach.

weiderliesen...