Daliah Scholl - Presidentin DP-Süden

Am Spotlight: Daliah Scholl

Dës Kéier am Spotlight: d’Daliah Scholl, déi nei gewielte Presidentin vun der DP-Süden.

Mat der geléierter Flüttistin steet fir d’éischte Kéier eng Fra un der Spëtzt vum Bezierk Süde vun der DP. Zënter 2011 Presidentin vun der Escher Sektioun, ass d’Daliah Scholl och zënter de leschte Wale fir d’DP am Escher Gemengerot.

Wat ass seng Motivatioun fir Politik ze maachen? Wat si seng Prioritéiten? A wéi wëll hatt d’Sektiounen aus dem Süden op d’Superwaljoer 2023 preparéieren? Mir hunn eis mam Daliah Scholl doriwwer ënnerhalen.

Daliah Scholl

Daliah, du bass scho laang zu Esch an och am Süde politesch engagéiert. Wéi ass et dozou komm?

DS: Ech kommen aus engem ganz artisteschen a fräigeeschtege Milieu. Meng Mamm a mäi Grousspapp ware fräischaffend Kënschtler, mäi Papp fräischaffenden Architekt. Dobäi kommen déi ganz ënnerschiddlech, multikulturell Aflëss, mat deenen ech grouss gi sinn. Meng Mamm huet italienesch Originnen, ech selwer sinn an Indie gebuer, de Quartier, an deem mer gewunnt hunn, huet den héchsten Auslännerundeel vun Esch.

Wäerter wéi Diversitéit, Fräiheet an déi fräi Entfalung vum Mënsch waren dowéinst fir mech vu klengem un en Deel vu mengem Liewen a präge mäin Engagement och nach haut. Et ass mir wichteg, dass ee sech engagéiert, wann een eppes beweege wëll. Virun allem sollte sech méi Fraen an der Politik engagéieren. Ech hunn eng Duechter, an ech wëll him och e Beispill sinn. Kritescht Denken, fir seng Iddien ze kämpfen, d’Gesellschaft aktiv matgestalten, amplaz nëmme passiv ze sinn. Ech wëll him virliewen, wat mir um Häerze läit.

„Et ass mir wichteg, dass ee sech engagéiert, wann een eppes beweege wëll.”

Daliah Scholl

Wat sinn déi politesch Prioritéiten, fir déi s du dech asetz?

Mäin Haaptuleies ass wéi gesot déi perséinlech Fräiheet, déi eng fräi Entwécklung eréischt méiglech mécht. Eis Kanner mussen dat vun Ufank u vermëttelt kréien, nëmmen esou kënnen aus hinne fräi a verantwortungsvoll Erwuessener ginn. D’Bildung ass hei de Schlëssel, grad fir eis als liberal Partei. De Claude Meisch huet do an de leschte Joren eng ganz wäertvoll Aarbecht geleescht, andeems hien d’Vilfalt vun der Bildungsoffer, d’Chancëgläichheet, an d’Inclusioun an der Schoul staark virugedriwwen huet.

Wat sinn an dengen Aen d’Stäerkte vum Süden an och déi grouss Erausfuerderungen an den nächste Joren?

De Süden ass net sou visibel wéi aner Regiounen, mee dacks zu Onrecht. De Süden ass eng immens dynamesch Regioun, déi vill ze bidden huet. Sief et déi kulturell a sproochlech Vilfalt, den industrielle Patrimoine, oder déi flott Natur, déi ee meeschtens direkt niewendrun huet. Mee de Süden ass nach vill méi. En huet grousst Potenzial: an der Fuerschung, am Gesondheetsberäich, am Logement, am Handwierk. Dat musse mer notzen, fir eis Regioun z’entwéckelen, fir och am Kader vun enger méi nohalteger Gestaltung vun eise Stied an eise Bierger nei Perspektiven a méi Liewesqualitéit ze bidden.

Natierlech spillt d’Kultur fir mech och eng ganz wichteg Roll. Mat Esch2022 hu mer eng eemoleg Geleeënheet, d’Stäerkte vun der Regioun an d’Vitrinn ze stellen an de positiven Impuls vun deem Projet mat virun ze huelen.

Wat sinn deng Pläng fir d’DP-Süden an den nächste Joren, besonnesch am Hibléck op d’Superwaljoer 2023?

Et ass mer natierlech eng grouss Freed an Éier, dës Aufgab dierfen z’iwwerhuelen. Mäi Virgänger, de Max Hahn, huet an de leschte Joren eng ganz gutt Aarbecht geleescht, doru wëll ech uknäppen. Ech wëll an déi lokal Sektioune goen, den Austausch sichen an d’Basis aktiv mat abannen, fir konkret Iddien auszeschaffen. Eis Membere sinn d’Stäerkt vun eiser Partei, dowéinst solle si och mathëllefen, déi ganz wichteg Echeancen ze preparéieren. Ech freeë mech op alle Fall, eis Memberen erëm geschwë perséinlech ze gesinn. Dat huet mer ganz vill gefeelt wärend de leschte Méint.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...