Asaz vun Assistenten fir deelweis automatiséiert Fueren op eise Stroossen?

An Däitschland krut rezent e Autosconstructeur d'Erlabnis, säi System vum automatiséierte Fueren am Stroosseverkéier ënner spezifesche Bedéngungen anzesetzen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, ob dëse System och zu Lëtzebuerg erlaabt wier, a wéi d'Regierung mat dësen technologeschen Entwécklungen ëmgoe wëll.

„Als éischte Constructeur iwwerhaapt krut Mercedes rezent an Däitschland d’Erlaabnis säi System vum automatiséierte Fueren „Drive Pilot“ am Stroosseverkéier ënner ganz spezifesche Bedéngungen anzesetzen. Sou dierf deen Assistent am Stau op der Autobunn bis zu enger Vitesse vu 60 km/h komplett d’Kontroll iwwerhuelen, de Chauffeur dierf dann esouguer ganz legal den Handy benotzen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Ass den Här Minister au courant vun dëser Decisioun vun eisen däitschen Noperen?
  • Wäert den Asaz vum „Drive Pilot“ och zu Lëtzebuerg erlaabt sinn? Wa jo, wat wieren d’Bedéngungen? Wann net, wat wieren d’Grënn dofir?
  • Wéi preparéiert Lëtzebuerg sech dorop, dass an Zukunft ëmmer méi esou Systemer op de Marché kommen? Ass virgesinn de legale Kader unzepassen, fir d’Benotze vun dëse Systemer zu Lëtzebuerg ze erméiglechen?

Äntwert

Den honorabelen Deputéierte Max Hahn stellt sech Froen iwwert de System Drive Pilot vu Mercedes-Benz, deen d’autonoomt Fuere vu Gefierer op der ëffentlecher Strooss ënner gewëssen Oplagen erméiglecht.

An dësem Zesummenhang erlaben ech mir fir op meng Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°5403 vum 17. Dezember 2021 vum honorabelen Deputéierte Marc Goergen iwwert d’autonoomt Fueren ze verweisen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Soll Cattenom ausgebaut ginn?

Wéi et rezent an der Press stoung, huet de Buergermeeschter vu Cattenom d’Kandidatur vu senger Gemeng eragereecht fir dass nei Reakteren do gebaut solle ginn. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi d’Regierung heizou steet, an ob et Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energië mat Frankräich gëtt fir eis Noperen z’encouragéiere Cattenom zouzemaachen.

weiderliesen...

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...