Atert-Wark – déi nei DP-Sektioun am Norden

D’Gemeng Mäerzeg mam Buergermeeschter Mike Poiré huet sech dëtt Joer der Sektioun Réiden ugeschloss an dorausser ass d‘Fusiounssektioun Atert-Wark ginn. Bis 2020 war d’Gemeng Mäerzeg nach an der Sektioun Nordstad.

Déi al Sektioun Réiden iwwerdeems huet zanter jeehier mat der Sektioun Rammerech zesumme geschafft; dofir stelle mer iech hei an engems d‘Rammerecher Sektioun an hire neie President vir.

Virop huet d’Sektioun eng éischt gemeinsam Generalversammlung ofgehalen: L’Union fait la force! Esou hëllefen d’Membere sech géigesäiteg; sief et fir Walplakater ze pechen oder Flyeren auszedeelen. Duerch d’Fusioun mat Mäerzeg ass elo schonn eng relativ grouss Sektioun entstanen.

An Zukunft wëll een nach méi enk zesummeschaffen, gemeinsam Reuniounen organiséieren a sech ënnerenaner ofschwätzen. Dat grousst Zil ass et fir erëm méi jonk Leit fir déi aktiv Politik ze motivéieren. 

Rammerech dogéint bleift eng eegestänneg Sektioun, déi schonn zanter Mäerz 2008 besteet.

D’Gemeng Rammerech ass flächeméissegdéi gréisste Gemeng am Réidener Kanton an déi drëttgréissten am Land. De Moment liewen hei eng 4.600 Leit. 

Am Joer 2005 ass en neit politescht Kapitel an der Gemeng Rammerech geschriwwe ginn.D’Grenz vun 3.000 Awunner ass iwwerschratt ginn an d’Gemeng huet eng éischte Kéier nom Proporzsystem gewielt. D’DP ass deemools mat enger Lëscht ugetrueden an de Paul Schaack ass als Éischtgewielten an de Gemengerot gewielt ginn. Vun 2005 bis 2011 war hien am Schäfferot.

No de Gemengewalen 2011 huet d’DP weider ee Conseiller gestallt an 2017 sinn dorausser zwee Gemengeréit ginn. Zanter de leschte Gemengewale vertrieden de Romain Rausch vu Bungeref an d’Michelle Ensch-Brickler d’DP zu Rammerech.

De Comité vun der Sektioun trëfft sech reegelméisseg a schafft op d’Zil vun 3 Gemengeréit bei de Wale vun 2023 hin.

Romain Rausch – President vun der Sektioun Rammerech:  

De Romain ass 44 Joer al a wunnt zu Bungeref. Hien ass Camionschauffer an deemno vill ënnerwee. Donieft ass hie mat Häerz a Séil beim CGDIS als fräiwëllege Pompjee engagéiert. De Rescht vu senger Zäit verbréngt hie ganz musikalesch, hie spillt Batterie.

De Romain ass dëtt Joer Sektiouns-President ginn. Hien engagéiert sech fir d’Liewensqualitéit vun de Bierger an der Gemeng ze verbesseren.  

Paul Engel – President vun der Sektioun Atert-Wark: 

De Paul ass 46 Joer al a wunnt mat senger Fra, sengen zwee Meedercher zu Dellen. Si hunn een Hond, e puer Kazen, Hénger a Beien. Hie schafft bei der CREOS am Service Branchement an ass Buergermeeschter vu Groussbus. D‘Gemeng Groussbus an d‘Gemeng Wal wäerten 2023 fusionnéieren.

Doriwwer eraus ass de Paul aktiv an der Musek an am Gesangsveräin. A senger Fräizäit schafft hie gären am Bësch oder spillt Theater.

Dem Groussbusser Gemengepapp läit um Häerz, datt seng Sektioun no bausse siichtbar gëtt. D‘Fusiounssektioun wëll zu verschiddene Sujete Stellung huelen an d’Uleies vun der Sektioun an der ganzer Regioun an och an der Partei ervirbréngen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...