Chamberwalen 2023: De Comité Directeur huet déi proposéiert Lëscht mat den 21 Kandidatinnen a Kandidate vun der DP Zentrum an d’Lëschten aus de Bezierker Süden, Norden an Osten ugeholl.

Haut den Owend huet de Bezierkscomité Zentrum dem Comité Directeur vun der DP xseng 21 Kandidatinnen a Kandidate fir d’Chamberwale vum 8. Oktober 2023 virgeschloen. Déi regional Spëtzekandidate sinn de Xavier Bettel an d’Yuriko Backes.

Den Altersduerchschnëtt vun der DP-Lëscht läit bei 52 Joer.

  • Xavier Bettel, Nationale Spëtzekandidat, Staatsminister, Minister fir Kommunikatioun, Medien a Kultus, 50 Joer, Stad Lëtzebuerg
  • Yuriko Backes, Spëtzekandidatin, Finanzministesch, 52 Joer, Hesper
  • Guy Arendt, Deputéierten, Gemengeconseiller, Affekot, 69 Joer, Walfer
  • Simone Beissel, Deputéiert, Schäffen, Affekotin, 70 Joer, Stad Lëtzebuerg
  • Corinne Cahen, Schäffen, fréier Familljeministesch, 50 Joer, Stad Lëtzebuerg
  • Sylvia Camarda, Gemengeconseillère, Choreographin, 44 Joer, Stad Lëtzebuerg
  • Frank Colabianchi, Deputéierten, Schäffen, 60 Joer, Bartreng
  • Corine Courtois, Schäffen, pensionéiert Directrice adjointe vun enger Bankfilial, 61 Joer, Sandweiler
  • Alex de Toffol, Gastronom, 34 Joer, Stad Lëtzebuerg
  • Jana Degrott, Gemengeconseillère, Social Entrepreneur, 27 Joer, Steesel
  • Martine Dieschbourg-Nickels, Gemengeconseillère, Apdiktesch, 63 Joer, Stroossen
  • Patrick Goldschmidt, Schäffen, Steierberoder, 53 Joer, Stad Lëtzebuerg
  • Anne Kaiffer, Gemengeconseillère, Metzlermeeschtesch, 43 Joer, Stad Lëtzebuerg
  • Claude Lamberty, Deputéierten, 1. Schäffen, Vizepresident DP, 46 Joer, Hesper
  • Michel Malherbe, Buergermeeschter, Kommerzielle Beroder, 65 Joer, Miersch
  • Stéphanie Obertin, Doktesch, 49 Joer, Nidderaanwen
  • Lydie Polfer, Deputéiert, Buergermeeschtesch, Affekotin, 70 Joer, Stad Lëtzebuerg
  • Dr Gérard Schockmel, Infektiolog, 62 Joer, Stad Lëtzebuerg
  • Monique Smit-Thijs, Buergermeeschtesch, Chargée de cours, 61 Joer, Bartreng
  • Raphaël Stacchiotti, Coordinateur sportif, 31 Joer, Noumer
  • Nicolas Wurth, Affekot, 31 Joer, Stad Lëtzebuerg

No der Reunioun vum Bezierkscomité Zentrum ass de Comité directeur vun der DP zesummekomm, deen d’Lëschten aus de Bezierker Zentrum, Süden, Norden an Osten eestëmmeg ugeholl huet.

Déi 60 Kandidatinnen a Kandidaten an d’Campagne vun der DP fir d’Chamberwalen 2023 ginn e Samschdeg, de 15. Juli, um 11 Auer am Atelier (54, rue de Hollerich, L-1740 Luxembourg) presentéiert.

Matgedeelt vun der Demokratescher Partei.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...