Coronasteier – eng Geeschterdiskussioun

Eng Zäit laang wosst kee Mënsch esou richteg ewéi mir wirtschaftlech duerch d’Pandemie komme géifen. Haut wësse mir, datt Lëtzebuerg – am Verglach mam Ausland – relativ gutt duerch d’Kris kënnt. Och wann d’Pandemie wirtschaftlech Spueren hannerléisst, wäert d‘Staatsschold viraussiichtlech ënner 30% vum PIB bleiwen. Dat ass eng gutt Noriicht, well domadder wäert eist Land weider zu de Musterschüler an der EU a Saache Staatsscholden a Scholdenzouwuess an der Kris gehéieren.

Reflexaarteg siche Verschiddener an enger Kris awer no Sënnebéck a Krisegewënner. Also no deenen, déi wirtschaftlech vun enger Kris profitéiert hätten. Besonnesch äifreg Stëmmen aus der Politik wëllen dës Leit esouguer mat enger Coronasteier extra besteieren.

Ofgesinn dovunner, datt Steiererhéijungen de Moment héich kontraproduktiv wieren, well se de Konsum an den Aarbechtsmaart belaaschten, bleift d’Fro, wien dës Krisegewënner da solle sinn. Doriwwer eraus gesäit eise Steiersystem souwisou scho vir, datt onerwaart oder aussergewéinlech Gewënner besteiert ginn. Wat soll dann nach eng zousätzlech Coronasteier?

Esou eng sënnlos Coronasteier géif nämlech besonnesch déi bestrofen, déi séier a flexibel op d’Kris reagéiert hunn. Zum Beispill Betriber, déi hire Geschäftsmodell op Produiten an Déngschtleeschtungen adaptéiert hunn, déi mir dréngend an der Kris gebraucht hunn. 

Dozou ziele Schutzmasken, Desinfektiounsmëttel an och Logistikzerwisser, déi wichteg Gidder aus dem Ausland op Lëtzebuerg bruecht hunn.

Wier et fair, genee déi Leit méi ze belaaschten, déi probéiert hunn, fir Léisungen am Interessi vun eiser Gesellschaft ze fannen an dofir e Geschäftsrisiko a Kaf geholl hunn?

Lëtzebuerg brauch kreativ an innovativ Firmen. D’Innovatioun ass de Motor vun eiser Wirtschaft an dat an alle Beräicher.

Eng Coronasteier wier dofir weder steierlech praktikabel nach wirtschaftlech sënnvoll.

Dofir sollen se bleiwen, wat se sinn: Geeschterdiskussiounen!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Bäihëllefen am Logement geréieren

Dat nächst Joer gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

weiderliesen...

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...