Coronasteier – eng Geeschterdiskussioun

Eng Zäit laang wosst kee Mënsch esou richteg ewéi mir wirtschaftlech duerch d’Pandemie komme géifen. Haut wësse mir, datt Lëtzebuerg – am Verglach mam Ausland – relativ gutt duerch d’Kris kënnt. Och wann d’Pandemie wirtschaftlech Spueren hannerléisst, wäert d‘Staatsschold viraussiichtlech ënner 30% vum PIB bleiwen. Dat ass eng gutt Noriicht, well domadder wäert eist Land weider zu de Musterschüler an der EU a Saache Staatsscholden a Scholdenzouwuess an der Kris gehéieren.

Reflexaarteg siche Verschiddener an enger Kris awer no Sënnebéck a Krisegewënner. Also no deenen, déi wirtschaftlech vun enger Kris profitéiert hätten. Besonnesch äifreg Stëmmen aus der Politik wëllen dës Leit esouguer mat enger Coronasteier extra besteieren.

Ofgesinn dovunner, datt Steiererhéijungen de Moment héich kontraproduktiv wieren, well se de Konsum an den Aarbechtsmaart belaaschten, bleift d’Fro, wien dës Krisegewënner da solle sinn. Doriwwer eraus gesäit eise Steiersystem souwisou scho vir, datt onerwaart oder aussergewéinlech Gewënner besteiert ginn. Wat soll dann nach eng zousätzlech Coronasteier?

Esou eng sënnlos Coronasteier géif nämlech besonnesch déi bestrofen, déi séier a flexibel op d’Kris reagéiert hunn. Zum Beispill Betriber, déi hire Geschäftsmodell op Produiten an Déngschtleeschtungen adaptéiert hunn, déi mir dréngend an der Kris gebraucht hunn. 

Dozou ziele Schutzmasken, Desinfektiounsmëttel an och Logistikzerwisser, déi wichteg Gidder aus dem Ausland op Lëtzebuerg bruecht hunn.

Wier et fair, genee déi Leit méi ze belaaschten, déi probéiert hunn, fir Léisungen am Interessi vun eiser Gesellschaft ze fannen an dofir e Geschäftsrisiko a Kaf geholl hunn?

Lëtzebuerg brauch kreativ an innovativ Firmen. D’Innovatioun ass de Motor vun eiser Wirtschaft an dat an alle Beräicher.

Eng Coronasteier wier dofir weder steierlech praktikabel nach wirtschaftlech sënnvoll.

Dofir sollen se bleiwen, wat se sinn: Geeschterdiskussiounen!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Flexibilitéit a Schutz vum Salarié verknäppen

An der Konsultatiounsdebatt iwwer déi geplangten Aarbechtszäitorganisatioun huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann dëse Mëttwoch an der Chamber begréisst, datt un engem Aktiounsplang geschafft gëtt, fir d’Kollektivvertragswiesen zu Lëtzebuerg ze stäerken, esou wéi d’EU-Obligatiounen dat virgesinn.

weiderliesen...

Gëtt et nach Hoffnung?

An der Tribune Libre vun der DP freet sech den Europadeputéierte Charles Goerens haut, wéi d’Memberlänner vun der EU déi sëllege Krisen an de leschte Jore gepackt hätten, wa se 27 mol eleng gewiescht wieren.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm haislech Gewalt, d’Situatioun am Entreprenariat an den Anniversaire vun enger Kulturinstitutioun.

weiderliesen...