D’DP trauert ëm de Paul Helminger

Mam Paul Helminger verléiert Lëtzebuerg e Politiker, deen d’Land an d’Stad Lëtzebuerg staark gepräägt huet. De Paul Helminger wor e Politiker, dee Saache beweegt huet. E Mann, fir dee Moderniséierung kee Slogan wor, ma eng Aufgab, fir déi hie sech mat Leif a Séil engagéiert huet: als Diplomat, als Chef de Cabinet, als Staatssekretär, als Deputéierten, als Stater Député-Maire an als Entreprener.

De Paul Helminger wor weltgewandt a sengem Optrieden an ëmmer op fir nei Entwécklungen: am Liewen, an der Politik an an der Wirtschaft. Dem Paul Helminger ass et a senger Carrière ni em eng Ideologie gaangen, ma em d’Saach. Mat senger Dynamik a mat sengem Optimismus huet hien et ëmmer erëm fäerdeg bruecht, d’Leit fir nei Projeten an nei Weeër ze begeeschteren. Als Buergermeeschter huet hien esou Déi Gréng eng éischte Kéier mat an d’Koalitioun um Knuedler geholl.

De gebiertegen Escher Jong huet Droit a Sciences Po studéiert an ass 1974 – no engem Ufank an der diplomatescher Carrière zu London – Chef de Cabinet vum Premier Gaston Thorn an der Regierung Thorn-Vouel/Berg (1974-1979) ginn.

An der nächster Regierung Werner-Thorn/Flesch (1979-1984) ass de Paul Helminger Staatssekretär am Ausseministère, an der Kooperatioun, dem Aussenhandel, der Ekonomie, dem Mëttelstand an an der Justiz ginn. Eng Zäit, déi nach ëmmer vun der Stolkris gezeechent wor, an an där d’Land sech huet musse wirtschaftlech nei positionéieren. De Paul Helminger wor bei en etleche Wirtschaftsmissiounen am Ausland dobäi, fir nei Entreprisen op Lëtzebuerg ze zéien. 

Méi spéit ass de Paul Helminger Deputéierten an dono och Member vum Stater Gemengerot ginn. 1991 gëtt hie Schäffen um Knuedler an 1999 iwwerhëlt hien de Buergermeeschterstull vum Lydie Polfer, déi an d’Regierung Juncker-Polfer (1999-2004) wiesselt. Fir de Paul Helminger wor d’Mandat als Buergermeeschter vun 1999-2011 seng schéinsten Zäit als Politiker. 

Nom Enn vu senger politescher Carrière huet de Paul Helminger ë.a. nach eemol mat Brio Responsabilitéit un der Spëtzt vun der Luxair a vun der Cargolux iwwerholl. D’DP trauert em ee vun hire brillianteste Käpp a schwätzt senger Famill a senge Frënn hiert éierlecht Bäileed aus.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...