D’DP trauert ëm de Paul Helminger

Mam Paul Helminger verléiert Lëtzebuerg e Politiker, deen d’Land an d’Stad Lëtzebuerg staark gepräägt huet. De Paul Helminger wor e Politiker, dee Saache beweegt huet. E Mann, fir dee Moderniséierung kee Slogan wor, ma eng Aufgab, fir déi hie sech mat Leif a Séil engagéiert huet: als Diplomat, als Chef de Cabinet, als Staatssekretär, als Deputéierten, als Stater Député-Maire an als Entreprener.

De Paul Helminger wor weltgewandt a sengem Optrieden an ëmmer op fir nei Entwécklungen: am Liewen, an der Politik an an der Wirtschaft. Dem Paul Helminger ass et a senger Carrière ni em eng Ideologie gaangen, ma em d’Saach. Mat senger Dynamik a mat sengem Optimismus huet hien et ëmmer erëm fäerdeg bruecht, d’Leit fir nei Projeten an nei Weeër ze begeeschteren. Als Buergermeeschter huet hien esou Déi Gréng eng éischte Kéier mat an d’Koalitioun um Knuedler geholl.

De gebiertegen Escher Jong huet Droit a Sciences Po studéiert an ass 1974 – no engem Ufank an der diplomatescher Carrière zu London – Chef de Cabinet vum Premier Gaston Thorn an der Regierung Thorn-Vouel/Berg (1974-1979) ginn.

An der nächster Regierung Werner-Thorn/Flesch (1979-1984) ass de Paul Helminger Staatssekretär am Ausseministère, an der Kooperatioun, dem Aussenhandel, der Ekonomie, dem Mëttelstand an an der Justiz ginn. Eng Zäit, déi nach ëmmer vun der Stolkris gezeechent wor, an an där d’Land sech huet musse wirtschaftlech nei positionéieren. De Paul Helminger wor bei en etleche Wirtschaftsmissiounen am Ausland dobäi, fir nei Entreprisen op Lëtzebuerg ze zéien. 

Méi spéit ass de Paul Helminger Deputéierten an dono och Member vum Stater Gemengerot ginn. 1991 gëtt hie Schäffen um Knuedler an 1999 iwwerhëlt hien de Buergermeeschterstull vum Lydie Polfer, déi an d’Regierung Juncker-Polfer (1999-2004) wiesselt. Fir de Paul Helminger wor d’Mandat als Buergermeeschter vun 1999-2011 seng schéinsten Zäit als Politiker. 

Nom Enn vu senger politescher Carrière huet de Paul Helminger ë.a. nach eemol mat Brio Responsabilitéit un der Spëtzt vun der Luxair a vun der Cargolux iwwerholl. D’DP trauert em ee vun hire brillianteste Käpp a schwätzt senger Famill a senge Frënn hiert éierlecht Bäileed aus.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...

Networking mat Schwong

Jonk Demokraten an DP-Memberen ënner 35 Joer hu sech am Strike um Houwald bei engem Patt an engem gudde Maufel besser kennegeléiert a bei Bowling, Darts a Co. eng flott Zäit zesumme verbruecht.

weiderliesen...