De Mathis Prost – en neien DP-Conseiller um Knuedler

Nom Depart vun der Tanja de Jager, huet den 42 Joer ale Mathis Prost hire Posten als Gemengeconseiller an der Stad iwwerholl.

De Mathis wunnt mat senger Fra a sengen zwee Kanner zu Gaasperech. Hie schafft als juristesche Beroder bei der SES. A senger Fräizäit fotograféiert hie gären a geet gäre spadséieren.

Firwat hues du dech politesch engagéiert a firwat bei der DP? 

Meng Eltere ware scho politesch aktiv. Esou hunn ech fréi geléiert, dass et wichteg ass, sech fir d’Politik z‘interesséieren a sech aktiv fir den demokratesche Prozess am Land anzesetzen. Vill Mënschen hunn net d’Chance, an engem Land ze wunnen, wou d’Mënscherechter selbstverständlech sinn. Dofir setzen ech mech fir den demokrateschen, fräien a liberale Gedanken an.

Wat sinn deng politesch Prioritéiten als Conseiller?

Éischtens d’Sécherheet vun de Bierger, déi ech scho wärend mengen zwee éischte Mandater am Gemengerot aktiv gefërdert hunn: ech denken do zemol un d‘Ännerung vum Policereglement. Zweetens d’Jugend: Mir mussen deene jonke Familljen an de Jugendlechen eng attraktiv Stad bidden. Drëttens d’Finanzen, well ouni Sue kënne mir keng Zukunftsprojeten ëmsetzen.

Wat gefält dir am beschten an der Stad?

Eis Stad ass aussergewéinlech divers: multikulturell, aktiv, propper an attraktiv. Mir bidden alles, wat ee brauch fir flott a gutt ze liewen. E Bemole sinn awer déi héich Wunnengspräisser. Do muss eppes op nationalem Niveau geschéien.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Bäihëllefen am Logement geréieren

Dat nächst Joer gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

weiderliesen...

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...