Charles Goerens

Dës Kris forcéiert eis, nei Weeër ze goen

Knapp 15 Deeg huet et gedauert, du louch déi global Wirtschaft um Buedem. Déi aktuell Kris, där hire wirtschaftlechen Impakt d’Finanzkris vun 2008 däitlech iwwertrëfft, wäert eis nach laang beschäftegen. Et ka banal kléngen, mee de Virus ass effektiv amgaangen d’Welt ze veränneren. D’Welt no Covid-19 wäert net méi déi selwecht sinn.

An dobäi huet d’Joer 2020 am Fong gutt ugefaangen. D’Staatsschold huet ugefaangen erofzegoen, déi ëffentlech Ausgabe sinn ënner Kontroll, mir hunn d’Bankekris hannert eis, d’Eurozon huet sech mëttlerweil Rettungsmechanisme ginn – oder op mannst déi néideg Moyenen, fir eventuell Schocken ofzefiederen.

D’Europäesch Unioun huet d’Leit an hire Féierungspositioune fir déi nächst fënnef Joer besat. D‘Unioun fonctionéiert, och wa se d’Bierger net méi grad begeeschtert. Déi gréisste Suerg um Ufank vun 2020 sinn d’Negociatiounen iwwert déi künfteg Relatioune mat Groussbritannien, dat de 27 EU-Memberen de Réck gedréint huet.

No bal 23 Semestere vun onënnerbrachenem Wuesstem, mat méi wéi 13 Milliounen Aarbechtsplazen, schéngt d’EU sech definitiv erkritt ze hunn. Dat läit besonnesch um Bannemaart an un der gemeinsamer Wärung, déi haut manner kontestéiert ass, wéi no der Finanzkris. D’Situatioun vun der EU an der Welt gesäit awer däitlech manner gutt aus – vun den Exporter emol ofgesinn. Sief et am Mëttleren Osten, a Libyen oder am Konflikt an der Ukrain: Et gëtt sech wéineg vun der Europäescher Unioun erwaart. D’Vereenegt Staaten, déi déi Transatlantesch Allianz, d’Fundament vun eiser Sécherheetspolitik, dominéieren, sinn eis ewell manner gutt gesënnt. A schliisslech stellt d’Pandemie, mat hiren dramatesche Repercussiounen, eis mëttlerweil virun existenziell Erausfuerderungen.

Et ass virun dësem Hannergrond, dass déi 27 Memberstaate sech nei erfanne mussen. Nëmme ganz wéineg Secteure bleiwe vun dësem historeschen,  wirtschaftlechen Abroch verschount. Egal ob kleng, mëttel oder systemrelevant: d’Firme kucken all op de Staat. An deem Kader dränge sech zwou Feststellungen op : Éischtens, d’Entreprisen, déi net eleng aus der Kris kommen, froen déi politesch Autoritéiten ëm Hëllef. An zweetens, d’Memberstaaten, ausser déi sougenannten « quatre frugaux », hu verstanen, dass eng Léisung ouni massiv Interventioun vun der Europäescher Unioun onméiglech ass. Alt nees eng Kéier war eng aussergewéinlech dramatesch Kris néideg, fir dass d’Länner sech erëm dem Poids an der Wichtegkeet vun der EU bewosst gi sinn.

Paradoxerweis ass et grad déi däitsch Bundeskanzlerin, där hiert politescht Enn ëmmer nees annoncéiert gi war, déi d’Regierungen an Europa mat hiren Initiativen iwwerrascht huet. Duerch hir Propose mam franséische President Macron vun engem Konjunkturpak an Héicht vu 500 Milliarden Euro, huet si e klore Wee virginn, fir eis Wirtschaft nees op d’Been ze bréngen. D’Erhéijung vun deem Pak op 750 Milliarden Euro duerch d’Kommissiounspresidentin von der Leyen ass hei nëmmen déi logesch Konsequenz vun der däitsch-franséischer Initiativ.

Ouni ze vill iwwer d’Detailer vun deem Plan de relance ze spekuléieren – deen nach muss vun de 27 Memberstaaten ugeholl ginn –  kann ee sech awer lo scho virstellen, wéi d’Welt no Covid wäert ausgesinn. Sou kann een dovunner ausgoen, dass de Klimaschutz an de Kampf géint d’Äerderwiermung net wäerten um Altor vum wirtschaftleche Wuesstem geaffert ginn. Bei der energetescher Transitioun brauche mer weltiwwergräifend Mesuren, wann eng dekarboniséiert Wirtschaft effektiv soll realiséiert ginn.

Am Confinement sinn awer och méi kritesch Kreesser vum Wäert vun der Digitaliséierung iwwerzeegt ginn. Si wäert an Zukunft nach méi wichteg ginn – am alldeegleche Liewen an an der Wirtschaft. Et ass evident, dass déi ëffentlech Hand hei nach bedeitend Investitioune maache muss.

Och déi europäesch Souveränitéit wäert méi eng zentral Roll an der EU anhuelen. Virun allem am Beräich vun der Industrie muss sech eppes doen. De Bierger, dee gäre méi Sécherheet wëll, ass der Politik an där Hisiicht e Stéck viraus. D’Zäit, an där een oder zwee Länner Medikamenter fir déi ganz Welt produzéieren, ass eriwwer.

Ausserdeem muss d’EU bei Handelsofkommesse mat méi groussem Widderstand vun hire Bierger rechnen, wann déi jeeweileg Partner net déi selwecht Sozial- an Ëmweltstandarde garantéieren.

A wann een dem Pascal Saint-Amans, engem Steierexpert vun der OCDE, gleewe kann, wäert eng Null-Toleranz-Politik vis-à-vis vu Steierbedruch a Steierhannerzéiung an Zukunft déi nei Norm ginn.

Wéi och schonn an der Vergaangenheet, sou forcéiert eis dës Kris nei Weeër ze goen a bitt eis nei Opportunitéiten. Wa mer eis net all ze schlecht uleeën an den nächste sechs Méint, da wäerte mer duerch dës Kris an engem hallwe Joer méi grouss Fortschrëtter bei der europäescher Integratioun maachen, wéi wärend de leschten 30 Joer.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...