Marc Hansen

Dezentraliséierung an Home Office: Méi kuerz Weeër, méi Zäit fir sech a seng Famill

Schaffen a Wunne méi no beienee brénge fir eng besser Liewensqualitéit vun de Leit, dat ass eng vun den Haaptprioritéite vun der DP. Vill vun den aktuelle Problemer, z.B. an der Mobilitéit, kommen dovun, dass sech laang Zäit e groussen Deel vun der wirtschaftlecher Aktivitéit am Zentrum vum Land konzentréiert huet. Méi staark op Dezentraliséierung setzen, bedeit méi kuerz Weeër, méi Zäit fir sech a seng Famill an eng Stäerkung vun eisen Uertschaften an dem lokale Commerce.

Och scho viru Corona goufen dowéinst eng Rei Initiative vum Minister fir den ëffentlechen Déngscht Marc Hansen lancéiert. De Staat soll schliisslech mam gudde Beispill virgoen, och wat den Télétravail an d’Dezentraliséierung betrëfft.

Sou gouf z.B. an der Fonction Publique e Pilotprojet zum Télétravail gestart. No de positiven Erfarunge gouf decidéiert, d’Méiglechkeet vun doheem aus ze schaffe méi breet opzemaachen. Ee vun de Grënn firwat, d’Ëmstellung op den Home Office an der Pandemie sou gutt geklappt huet.

Duerch d’Fërderung vum Télétravail gëtt de Leit villes méi einfach gemaach. Sief et de Stau, dee Moies an Owes evitéiert gëtt oder allgemeng déi gréisser Flexibilitéit déi de Mënsch duerch den Télétravail fir sech gewënnt. Zousätzlech dréit och den Télétravail nach emol zu der Dezentraliséierung bäi an hëlleft, d’Land an d’Gesellschaft méi oppen a flexibel ze gestalten.

Och bei der Dezentraliséierung vun den ëffentleche Verwaltungen deet sech eppes. Ee Beispill ass den Ettelbrécker Projet ‚Ettelbrück One‘: hei ass elo schonn eppes méi wéi d’Hallschent vun der Lokalitéit fir ëffentlech Administratioune verlount. Mee och an déi nei Ettelbrécker Gare sollen eng Rei nei Verwaltunge kommen. Domat ginn net just déi ëffentlech Verwaltunge fir d’Leit aus der Regioun méi accessibel, mee d‘Regioun selwer gëtt revaloriséiert an nei belieft. An dat zitt rëm nei Entreprisen a Butteker un.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...