Dierf eng Coproprietéit Elektroautoen am Parking vun enger Residenzen verbidden?

Dem DP-Deputéierte Gusty Graas ass zu Ouere komm, dass eng Assemblée générale vun enger Koproprietéit e Verbuet fir Elektroautoen am Parking vun der Residence decidéiert huet, dat well anscheinend eng erhéichte Brandgefor vun esou Gefierer géif ausgoen. Well dëst awer net beluecht ass an esou e Verbuet engem Iwwergang op eng nohalteg Mobilitéit am Wee steet, huet de Gusty Graas dowéinst nogefrot, ob dëst iwwerhaapt legal ass an ob d'Regierung wëlles huet, d'Leit méi staark iwwer dëse Sujet ze sensibiliséieren.

« Il me revient que certaines assemblées générales de copropriétaires auraient décidé d’interdire le stationnement de véhicules électriques dans le parking de la résidence, en raison d’un risque d’incendie supposé supérieur aux véhicules à moteur de combustion.

Or, il n’existe non seulement pas de base factuelle pour une telle crainte, mais en plus, au vu de la nécessité de décarboner progressivement la mobilité dans les années à venir, une telle interdiction pourrait poser obstacle à l’atteinte des objectifs climatiques.

Au contraire, tous les efforts devraient être entrepris afin de faciliter la transition vers une mobilité climatiquement neutre. Notamment l’installation d’une borne de recharge dans les résidences devrait être possible à toute personne intéressée.

Dans ce contexte j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre du Logement et au Ministre de l’Énergie :

  • Monsieur le Ministre du Logement est-il au courant de cas pareils ?
  • Une telle interdiction est-elle conforme avec la législation en vigueur ?
  • Monsieur le Ministre de l’Énergie entend-il sensibiliser davantage le public quant aux risques réels, voire l’absence de risques liés à la mobilité électrique ?
  • De quelle manière le gouvernement entend-il faciliter l’installation de bornes de recharge dans les résidences ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...

Kënnt eng Apdikt op Bettenduerf ?

2023 hat déi deemoleg Gesondheetsministesch d’Schafe vun enger Apdikt zu Bettenduerf nach ofgeleent. Well d’Populatioun an der Regioun ronderëm Bettenduerf awer weider wiisst huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der neier Gesondheetsministesch nogefrot, ob si d’Decisioun vun hirer Virgängerin iwwerdenke géif. Ass d’Gesondheetsministesch eventuell scho vun der Gemeng Bettenduerf kontaktéiert ginn a kéinten nach weider Gemengen eng nei Apdikt kréien?

weiderliesen...