Digitalisatioun

Digitaliséierung a Medien

Digitaliséierung a Medien : Nei Technologien an den Déngscht vun de Mënsche stellen an de Mediepluralismus preservéieren

D’DP gesäit d’Digitaliséierung als grouss Chance fir eis Gesellschaft. Mir wëllen déi progressiv Digitaliséierung an alle Liewensberäicher notzen an den digitale Wandel zu Gonschte vun de Mënsche gebrauchen. D’Avantagë vun der Digitaliséierung solle fir jiddereen accessibel sinn. Dofir wäert d’DP weider Mesurë fir déi digital Inklusioun decidéieren.

Ënnert dem Lead vun der DP, ass d’Digitaliséierung vun den ëffentleche Verwaltunge substantiell virukomm, den ICT-Sekter ass weiderentwéckelt, d’Konnektivitéit vun de Leit verbessert an am Beräich vun der Vermëttlung vu Mediekompetenze si wichteg Fortschrëtter gemaach ginn. Zemol de Progrès bei der Digitaliséierung vun den administrativen Demarchen ass international op groussen Interessi gestouss. Esou huet Lëtzebuerg sech an der eGovernment Benchmark vun der EU-Kommissioun bannent zwee Joer vun der 11. Plaz op déi 3. Plaz verbessert, wat e grousse Succès ass. Déi Unerkennung motivéiert eis, fir méiglechst séier, méiglechst vill administrativ Demarchen am Kader vun enger administrativer Vereinfachung fir d’Biergerinnen an d’Bierger ze digitaliséieren.

E séieren a flächendeckenden Internet-Accès, eng oppen an transparent Datepolitik an eng ëmfaassend Cybersécherheets-Strategie bilden haut attrakiv Kaderbedingunge fir national an international Gesellschaften. Dee Wettbewerbsvirdeel wäerte mir konsequent ausbauen.

Medipluralismus a Pressefräiheet sinn onverzichtbar Elementer vun enger fräier Demokratie. D’DP ass sech der Wichtegkeet vun enger fräier journalistescher Aarbecht a vun enger objektiver an transparenter Berichterstattung bewosst, an huet déi lescht Joren e puer Reformen duerchgesat, déi de Mediepluralismus zu Lëtzebuerg erhalen a garantéieren. Esou gi mat dem neie Pressehëllefgesetz z.B. d’Redaktioune vun de Print- an Online-Publikatioune nach méi staark ënnerstëtzt. Nei Konventiounen iwwer e puer Joer mat RTL, mam ëffentlech-rechtleche Radio 100,7 a mam Community-Radio ARA suergen dofir, datt och déi audiovisuell Medien zu Lëtzebuerg déi néideg finanziell Planungssécherheet fir déi nächst Joren hunn.

De grousse Succès vu verschiddene Lëtzebuerger Filmproduktiounen (national an international) ass de Bewäis dofir, datt d’Kreativindustrie gesond ass a sech weiderentwéckelt. Als DP wëlle mir eist Land als audiovisuell Produktiounsplaz och an Zukunft stäerken.

Digitaliséierung

D’DP schwätzt sech fir e staarken a fräi accessibele Wifi am ëffentleche Raum aus. Mir wëllen de Mënschen erlaben, sech a Foussgängerzonen, a Parken oder op aneren ëffentleche Plazen opzehalen a gläichzäiteg kënnen online ze kommunizéieren, ze schaffen oder op Informatiounen zeréckzegräifen.

D’DP wëll den ëffentlechen Transport fir d’Leit esou agreabel ewéi méiglech an attraktiv maachen. Dofir wäerte mir op all den nationalen Zuchstrecken, an de Garen, an de Bussen, am Tram an un den Arrêten e gratis Wifi installéieren.

Mir wëllen eng digital Bierger-Kaart aféieren, déi on- an offline als alternativ Identitéitskaart gëlle soll. Op dëser Kaart kënnen offiziell Dokumenter (Carte d’identité, Fürerschäin, etc.) gespäichert ginn, déi dann och vun de staatlechen a kommunalen Autoritéite kënnen ofgeruff a kontrolléiert ginn. D’Zäite vun iwwerfëllte Portefeuillë gehéieren deemno der Vergaangeheet un.

D’DP wëll de once-only-Prinzip aféieren an ausbauen. D’Biergerinnen an d’Bierger solle bestëmmte perséinlech Daten an Zukunft nëmmen nach eemol un déi staatlech a kommunal Verwaltungen musse weiderginn, amplaz déi Informatiounen all Kéier un all eenzel Verwaltung z’iwwermëttelen.

Op Initiativ vum Digitaliséierungsministère ass 2021 den éischten nationalen Aktiounsplang fir déi digital Inklusioun festgehale ginn. Dee Plang besteet aus 40 konkreten Iddien, vun deenen eng ganz Partie fir eeler Matbierger bestëmmt ass. Mir wäerten eis dofir asetzen, datt den nationalen Aktiounsplang iwwer d’Joer 2024 ewech weidergeféiert gëtt. Mir wäerten dofir suergen, datt och an Zukunft genuch Mëttel zur Verfügung stinn, fir eng digital Gesellschaft fir jiddereen ze fërderen.

Déi kënschtlech Intelligenz bitt vill nei Méiglechkeeten, fir eis Ekonomie ze stäerken an den Alldag fir d’Biergerinnen an d’Bierger ze vereinfachen. D’DP wäert weider an d’Fuerschung an an d’Kommerzialiséierung vun neie KI-Applikatiounen investéieren. Ethesch Froe wäerte mir am Virfeld kläeren an och déi néideg Mesuren ergräifen, fir all Forme vun Datemëssbrauch a vun Diskriminatioun (implict bias) ze verhënneren, déi duerch den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz entstoe kënnen.

Och op europäeschem Niveau wäerte mir eis fir d’Duerchféierung vum europäeschen AI Act asetzen, deen de Gebrauch vu kënschtlecher Intelligenz (Artificial Intelligence) reguléiert, an esou d’Sécherheet an d’Konkurrenzfäegkeet vum digitalen EU-Bannemaart garantéiert.

Cf. Kapitel Aarbecht

Den europäesche Geriichtshaff huet sech géint eng allgemeng Vorratsdatenspeicherung decidéiert, also géint d’Méiglechkeet, dass de Staat elektronesch Kommunikatioune vu private Persounen (Email, Tel, etc.) präventiv an ouni direkt Ursaach ka fir eng gewëssen Zäit späicheren. Fir eng Poursuite sinn déi Daten awer dacks déi eenzeg Sourcen oder Bewäismaterialer. Dofir setze mir bei schlëmme Strofdooten (Kannermëssbrauch oder Terrorismus) op d’Ausnaameregel vun der Vorratsdatenspeicherung. De Quick Freeze-Modell wäert esou fir en equilibréierte Schutz vu privaten Daten a fir eng effikass Bekämpfung vun der Kriminalitéit suergen.

D’Demande no digitale Kompetenzen um Aarbechtsmaart ass esou héich ewéi ni. Kanner ginn haut fréi un déi nei Technologië gewinnt, sief et an der Schoul oder privat. Allerdéngs gëtt et nach ëmmer e groussen Ënnerscheed tëschent der digitaler Affinitéit vun de jonke Generatiounen an däer vu ville Salariéen, déi an der Schoul keng Formatioun doranner kritt hunn. Mir wëllen deene Leit och déi néideg Kompetenze vermëttelen, fir datt si den Ufuerderungen op der Aarbecht kënne gerecht ginn. Dofir ënnerstëtze mir deementspriechend Weiderbildungsmesuren.

Mir wäerten d’Finanzéierung vun esou Mesuren, änlech dem Modell vu Weiderbildungs-Bongen an Holland, préiwen an analyséieren. Fir de Re-skilling an den Up-skilling ze fërderen, soll déi finanziell Ënnerstëtzung net just fir Aus- a Weiderbildungen zielen, ma och fir digital Coursen.

D’DP wäert d’Gemenge geziilt dobäi ënnerstëtzen, fir hir Uertschafte mat der Digitaliséierung méi effizient, méi fortschrëttlech, méi ëmweltfrëndlech a méi sozial inklusiv ze maachen. Dofir schafe mir finanziell Ureizer a finanzéieren innovativ Projete mat.

Nei Gesetzprojete sollen am Virfeld gepréift ginn, fir digital Faiblessë bei der praktescher Ëmsetzung ze detektéieren an ze verbesseren. Esou verhënnere mir Käschten a penibel Ännerungsprozeduren. Fir eng effikass E-Government-Strategie ze schafen, wëlle mir eis Gesetzer userfriendly maachen an onnéideg Bürokratie ofbauen.

Mir wäerte weider an d’Sécherheet vun de staatlechen IT-Infrstrukturen investéieren. Doriwwer eraus wëlle mir Date vu Privatleit nach besser virun Hackerattacke schützen. Nom Prinzip Security-by-design musse Sécherheetsfroe vun Ufank un bei der Entwécklung vun enger neier Software geléist ginn.

D’DP wäert sech dofir asetzen, datt d’Bierger, Entreprisen an ëffentech Instanze kënnen novollzéien, wat mir hiren Date geschitt, bei deene si op Cloud-Servicer zeréckgräife wëllen. D’Efforten am Beräich vun enger souveräner Cloud-Infrastruktur zu Lëtzebuerg sollen ënnerstëtzt ginn. Domadder gëtt e Wettbewerbsvirdeel géintiwwer aneren europäesche Staate geschaf an den ICT-Standuert Lëtzebuerg gëtt gestäerkt.

Cf. Kapitel Familljepolitik

D’DP wëll de Lëtzebuerger Online-Handel stäerken, andeem mir besteeënd Barrièren aus dem Wee raumen. Mir wäerten absënns klengen a mëttlere Betriber a jonken Entreprisen hëllefen, sech am Online-Handel z’etabléieren a sech esou en zweet Standbeen op dem digitale Marché ze sécheren.

2019 huet Lëtzebuerger als éischt Land weltwäit e Blockchain am ëffentlechen Déngscht ageféiert. D’IT-Prozesser vum Staat sinn doduerjer méi zouverlässeg, transparent a sécher ginn. Weider hu mir d’Rechtssécherheet vun der Blockchain-Technologie am Finanzsekter gestäerkt. An Zukunft wäerte mir d’Fuerschung, d’Entwécklung an d’Bildung an deem Beräich weider fërderen, fir Lëtzebuerg als europäesche Blockchain Hub ze positionéieren.

Zanter 2018 muss een op Reesen an der EU net méi op Online-Servicer verzichten, fir déi een a sengem Heemechtsland bezuelt huet. Fir verschidde Servicer a protegéiert Inhalter ginn et allerdéngs Ausnaamen. Bis haut kënnen EU-Bierger net automatesch op Inhalter aus engem anere Memberstaat zeréckgräifen.

Mir wëllen déi Barrièren aus dem Wee raumen a fuerderen en europawäit Verbuet vum Geoblocking. Mir wëllen och de Copyright am audio-visuelle Beräich net méi um nationalen, ma um europäeschen Niveau reegelen.

Et gëtt nach vill Potenzial, fir Synergien tëschent de staatlechen an de kommunalen IT-Bedreiwer ze schafen, déi den Aarbechtsflux bannent den Administratiounen an d’Kommunkatioun tëschent den eenzele Plaze vereinfache kéinten. Tëschent dem SIGI, dem Gemengesyndikat fir den Traitement vun Daten, an dem staatlechen IT-Exploitant CTIA kéinte weider Synergien geschafe ginn – bis hin zu enger institutionaliséierter Kollaboratioun ënnert enger gemeinsamer Spëtzt. Mir setzen eis fir vill méi eng enk Zesummenaarbecht tëschent de Verwaltungen an. Nëmmen esou kënne mir d’Effikassitéit vun E-Governement sécheren. Wichteg Dossieren, déi an de Kompetenze vu méi Administratioune leien, kéinten esou méi effikass verschafft ginn.

An de leschte Joren ass d’Plattform MyGuichet.lu permanent weiderentwéckelt a verbessert ginn. 2021 ass doriwer eraus d’App vu MyGuichet ageféiert ginn, déi et de Leit erlaabt, fir administrativ Prozedure praktesch op hirem Tablett oder Smartphone ze maachen. Mir engagéieren eis, d’Benotzerfrëndlechkeet vu MyGuichet.lu weider ze verbesseren an d’Offer vun den administrative Prozeduren op der Plattform no an no auszebauen.

Gläichzäiteg ass et eis wichteg, déi physesch Guicheten ze garantéieren. Mir wäerten och kucken, ob mer kënnen zousätzlech Guichets-Antenne schafen.

D’Prozeduren an d’Reegele fir mëndlech Geriichtsprozesser – mat engem klenge Sträitwäert bei penalen, zivillen a kommerziellen Affären – sollen an Zukunft Verhandlungen iwwer Videokonferenz méiglech maachen, sou wéi et dat schonn an Däitschland gëtt. Domadder entlaaschte mir d’Geriichter an acceleréieren d’Prozeduren. Mir reduzéieren domadder och d’Käschten an de Stressfaktor fir déi Betraffen.

Zanter 2019 sinn déi elektronesch Rechnungen fir Transaktiounen tëschent Betriber an dem Staat (B2G) ageféiert ginn. Mam Zil, fir déi Applikatioun eemol an de Beräicher B2B (Business to Business) a B2C (Business to Customer) anzeféieren, wäerte mir d’Entreprisen iwwer d’Virdeeler vun deem Rechnungssystem informéieren a si bei der praktescher Ëmsetzung begleeden.

Mir wëllen eis Datenzentren mat engerie-schounenden Technologien a Software esou nohalteg ewéi méiglech équipéieren. Mir wäerte préiwen, wéiwäit mir de Waasserverbrauch reduzéieren, déi prozudéiert Hëtzt opfänken an d’Offäll nach besser recycléiere kënnen. Doriwer eraus wäerte mir verstäerkt an d’Entwécklung vun nohaltegen Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien investéieren.

De Ministère fir d’Digitaliséierung huet 2022 e Gesetz fir d’Signature électronique fir administrativ Prozeduren op den Instanzewee bruecht. Genee wéi beim Staat, soll déi elektronesch Ënnerschrëft och kënnen op Gemengenniveau benotzt ginn. Dat erliichert d’Aarbecht vun de kommunale Verwaltungen an dréit zu enger administrativer Simplificatioun bäi.

Lëtzebuerg huet an de leschte Joren ganz vill a seng mobil an a seng digital Infrastrukturen investéiert. D’DP wäert déi Investissementer an deem Beräich weider héichhalen. Mir setzen eis fir e flächendecken Ausbau vun der 5G-Technologie a vum Glasfaser-Netz an.

Kënschtlech Intelligenz kritt ëmmer méi Afloss a Bedeitung. D’DP wëll déi Entwécklung ganz no begleeden. Mat engem KI-Kompetenzzenter wëll d’DP d’Akteuren aus der Ekonomie, der Bildung an aus der Gesellschaft zesummeféieren, fir ze kucken, wéi mir als Gesellschaft de beschten Notzen aus den neien Technologien zéie kënne.

Am Kontext mam digitale Joerzéngt huet Europa sech bis 2030 e Politikprogramm mat digitalen Ziler an Objektiver gesat, fir déi digital Transitioun an Europa virunzeféieren. Lëtzebuerg preparéiert sech elo schonn op e puer Initiative vir. D’DP setzt sech dofir an, fir eng digital Transitioun an a fir Lëtzebuerg konsequent z’ënnerstëtzen.

Nodeem d’Mataarbechter aus dem ëffentlechen Déngscht zaner Mëtt vum Joer Zougrëff op d’Chat-Applikatioun LuxGov4Chat hunn, wëll d’DP dat Kommunikatiounsmëttel och fir d’Entreprisen an déi ganz Populatioun accessibel maachen.

D’Entwécklung vun der Satellittenindustrie zu Lëtzebuerg ass déi lescht Joren ëmmer méi wichteg ginn. Niewent groussen Acteuren ewéi der SES, hu sech vill nei an interessant Start-uppen am Land etabléiert. De Sekter entwéckelt sech laangfristeg zu engem geopoliteschen, ekonomeschen a strategesch wichtegem Maartberäich – respektiv Wëssenschafts – a Fuerschungsberäich – dee Succès- an Zukunftsgarantië fir de Satellittestanduert Lëtzebuerg bréngt.

D’DP engagéiert sech deemno dofir, datt sech d’Lëtzebuerger Satellittenindustrie an hire Service-Beräich weider staark developpéieren an och déi néideg Talenter unzéien, ausbilden a fërderen. D’Industrie- an d’Investitiounspolitik gi vun der Regierung op engem héijen Niveau gehalen, déi de staatlechen Investissementer als cibléierte Support vun der nationaler Industrie déngen; duerch cibléiert an nohalteg Aktivitéite vu Fërderprogrammer vu Luxinnovation, der Luxembourg Space Agency (LSA), der Uni Lëtzebuerg a soss Institutiounen. Déi verstäerkte Creatioun vu Clusteren an der Lëtzebuerger Loft- a Raumfaart geet net ouni eng méi staark Connectioun mat der Verdeedegung, déi eng ëmmer méi grouss Schlësselroll an der Entwécklung an an der Positionéierung vu Lëtzebuerg am Weltraum spillt. Eng zentral Koordinatioun tëschent de Wirtschaftsinteressien an den Ufuerderungen un d’Defense, wäert déi Zesummenaarbecht verstäerken.

Medien

D’DP setzt sech fir eng oppen an transparent Kommunikatioun tëschent de staatleche Verwaltungen an de Journalisten an. D’Circulaire Bettel ass iwwerschafft ginn, fir den Accès vun der Press zu Informatioune vun de Servicer a Verwaltungen ze verbesseren. D’DP wäert kucken, wéi den Informatiounszougang fir d’Press – no internationale Referenzen – ka legal verankert ginn.

D’Aarbecht vun der Press ass duerch d’Reform vum Gesetz iwwer d’Pressehëllef nei valoriséiert ginn. De Beruff vum Journalist soll an enger weiderer Etapp kloer definéiert ginn. D’DP wëll dofir de Beruff vum Journalist an d’Kaderbedingunge vun der Aarbecht als Journalist an engem Gesetz festhalen.

D’DP wäert d’Journaliste besser viru physescher Gewalt a viru Menacë protegéieren, déi ëmmer méi heefeg ginn. Mir wëllen och géint déi sougenannte SLAPP Suits virgoen (Mëssbrauch vu Plaintë géint d’Medien). D’DP mecht sech dofir staark, datt kierperlech a moralesch Gewalt, a soss penal Delite géint Vertrieder vun der Press, an Zukunft weider konsequent poursuivéiert ginn.

Zanter Ufank vum Joer a bis Mëtt 2023 louchen d’Depense fir d’Pressehëllef bei 6,7 Milliounen Euro (e Plus vun 43 Prozentpunkte géintiwwer 2022). Duerch d’Verlaagerung vun de Schwéierpunkten op déi journalistesch Aarbecht, gëtt d’Presseaarbecht nei bewäert. Weider ass d’Zuel vun de Publikatiounen, déi op déi finanziell Ënnerstëtzung zeréckgräife kënnen, méi héich ginn, esou datt elo 18 Publikatioune vu 14 Editeure vun der Pressehëllef profitéieren. D’DP wäert de Support vun der professioneller, journalistescher Aarbecht an Zukunft op engem héijen Niveau halen an de Pluralismus zu Lëtzebuerg erhalen. No enger déifgräifender Evaluatioun vum neie Gesetz iwwer d’Pressehëllef, soll den Text – an Zesummenaarbecht mat de Concernéierten – eventuell ugepasst ginn.

D’DP setzt sech dofir an, fir déi vum Medieminister ageleet, flächendeckend Introduktioun vum Iwwerdroungssystem DAB+ (Digital Audio Broadcasting) konsequent weiderzeféieren. DAB+ soll méi e grousse Rayon ofdecken an eng besser Tounqualitéit garantéieren, fir d’Radiosoffer zu Lëtzebuerg besser ze maachen. Fir d’Lokalsender bei der Transitioun z’entlaaschten, wäert d’DP si bei der Finanzéierung vun hiren Offeren iwwer DAB+ ënnerstëtzen.

D’EU wëll en digitaalt Joerzéngt. Den digitale Wandel ass onverkennbar an ass schëtzeg ënnerwee. Den Digital Services Act (DSA) an d’Medienfreiheitsgesetz setzen de regelementéiert Kader fir déi digital Welt a fir d’Medie vun der Zukunft. D’DP setzt sech dofir an, net nëmmen op europäeschem Niveau matzbestëmmen, ma elo schonn déi néideg Schréck ze maachen, fir de Wee an dat neit Zäitalter virzebereeden. An deem Kontext sollen och déi elektronesch Medien an d’Kompetenze vun der nationaler Medienautoriéit ALIA (Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l’Audiovisuel) op de Leescht geholl a reforméiert ginn.

An Europa hunn eng 80 Millioune Mënsche Problemer mam lauschteren a mam gesinn. Dat entsprécht engen 10 Prozent vun der ganzer Populatioun. Lëtzebuerg huet d’Konventioun vun de Vereente Natiounen iwwer d’Rechter vu Mënsche mat enger Behënnerung ratifizéiert. Esou engagéiert sech ë.a. den nationalen Informatiouns- a Presse-Service (SIP) dozou, fir seng Internetsäit barrière-fräi ze maachen. D’DP setzt sech dofir an, datt all Mënsch Accès zu de Medien an zu Informatioune kritt. Och d’Medieverständnis soll fir all Mënsch garantéiert sinn. Dofir gesinn d’Konventioune mat RTL a mam Radio 100,7 och Accessibilits-Critèrë vir, déi den Uspréch vun der Web Accessibility Initiative (WAI) an dem World Wide Web Consortium (W3C) solle gerecht ginn.

Als dezentraalen a grenziwwerschreidende Media, erméiglecht den Internet och eng séier Verbreedung vu falschen Informatiounen a vun illegalen Inhalter. Mat der BEE Secure Helpline a mat Stopline huet Lëtzebuerg scho Méiglechkeeten, géint falschen, illegalen oder geféierleche Content virzegoen. D’DP wëll den Internet sécher maachen. Mir leeën dobäi e besonnesche Wäert op d’Protektioun vu Kanner a vu Jugendlechen. Och op europäeschem an op internationalem Niveau wëll d’DP hëllefen, fir konkret Mesuren auszeschaffen a fir d’Kooperatioun tëschent de Länner an der Lutte géint illegal Inhalter a Falschinformatiounen ze verbesseren.

Priméiert Co-Produktiounen a Lëtzebuerger Erfollegs-Serien hunn dozou bäigedroen, datt eis Filmindustrie déi lescht Jore vill u Renommee gewonnen huet. Effektiv gëtt eis Kreaktivindustrie international ëmmer méi bekannt. D’DP erkennt dat grousst Potenzial vum Filmstanduert Lëtzebuerg un. Nieft bilateralen Ofkommes mat verschiddene Länner, wëll d’DP dofir deen Elan notzen, fir de Lëtzebuerger Filmsekter z’ënnerstëtzen an déi Lëtzebuerger Medien- a Kulturlandschaft weider ze fërderen.

D’DP wäert de legale Kader vum Film Fund Luxembourg – de Recommandatioune vum Rechnungshaff no – änneren, fir d’Strukturen an d’Prozedure vum Filmfong kloer an transparent ze reegelen.

Den ESC ass am Ufank kreéiert ginn, fir den Zesummenhalt vun den Natiounen ze fërderen. Haut ass den ESC en internationale Concours, deen all Joer Kënschtler a Museker op der internationale Bün zesummebréngt. Den ESC gëtt ëmmer méi populär an ass antëscht zu engem Symbol vun der internationaler Verstännegung a vum kulturelle Come together ginn. Eist Land huet op kulturellem a op kënschtereschem Niveau vill ze bidden. D’DP ënnerstëtzt d’Intentioun vun der Regierung, fir no enger Paus vun 30 Joer erëm beim ESC matzemaachen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp