Carole Hartmann

D’Interessië vun de schaffende Leit gehéieren erëm an de Mëttelpunkt

D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt all Salarié selwer weess, wéi en am beschte schaffe kann. D’Aarbechtsrecht sollt dofir de Virstellungen an de Realitéite vun de schaffende Leit entspriechen.

Esouwuel d’Salariéen ewéi och d’Patrone wënsche sech méi Flexibilitéit an der Organisatioun vun der Aarbechtszäit. Méi flexibel Aarbechtszäite suerge fir eng besser Work-Life-Balance an d’Betriber kënnen d‘Aarbecht besser un dat wirtschaftlecht Ëmfeld upassen. Fir d’DP ass et dofir evident, datt de Sozialdialog an de Betriber muss gestäerkt ginn.

Kollektivverträg oder Plans sectoriels sinn als Top-down-Approche net ëmmer déi beschte Léisung. D’Salariéen an de Patron kennen hire Betrib schliisslech am beschten. Dofir brauche mir méi Flexibilitéit fir intern Accorden tëschent de Personaldelegatiounen an dem Patronat.

Mir wëllen dofir en Aarbechtsrecht mat der néideger Flexibilitéit fir alleguerten d’Betriber – ob mat oder ouni Kollektivvertrag. Et ass fir d’DP och net méi akzeptabel, datt Betriber an hir Mataarbechter ouni Kollektivvertrag net kënne vun innovative Modeller ewéi den Zäitspuerkonte profitéieren.

Et wier awer e grousse Virdeel fir d’Salariéen, wa si hir Aarbechtszäit kéinte méi flexibel andeelen – besonnesch wa se méi e laange Wee bis op d’Aarbecht hunn. Dat géing d‘Betriber doriwwer eraus méi attraktiv fir d’Grenzgänger maachen, op déi eist Land staark ugewisen ass.

Dat weist och déi rezent Debatt iwwert d’Sonndesaarbechtszäit. Véier Stonnen Aarbecht bei engem Aarbechtswee vun all Kéier zwou Stonnen hin an zeréck lount sech fir vill Leit einfach net. Onflexibel Reglementatioune stinn esou de Betriber an de Salariéen am Wee, fir hir Aarbecht besser z‘organiséieren.

Eist Aarbechtsrecht muss séier moderniséiert ginn a jidderengem méi Fräiheet ginn. D’DP setzt sech genee dofir an a wëll méi e flexibele Kader. Dozou gehéiere generell Zäitspuerkonten an eng Joresaarbechtszäit. Dat bréngt de Beschäftegte méi eng grouss Autonomie an de Betriber eng besser Konkurrenzfäegkeet.

D’Fuerderunge vun der DP baséieren op den Interessië vun de schaffende Leit, déi selwer méi flexibel schaffe wëllen. Gläichzäiteg wäerte mir déi fundamental Rechter vun de Salariéen – wéi zum Beispill déi maximal Aarbechtszäit pro Dag a Woch – net ofschafen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...

Networking mat Schwong

Jonk Demokraten an DP-Memberen ënner 35 Joer hu sech am Strike um Houwald bei engem Patt an engem gudde Maufel besser kennegeléiert a bei Bowling, Darts a Co. eng flott Zäit zesumme verbruecht.

weiderliesen...