DP-Nationalkongress : A Krisenzäite Verantwortung iwwerhuelen

Schonns fir déi zweete Kéier zënter dem Ufank vun der Corona-Pandemie hat d’Demokratesch Partei de Méinden, 26. Abrëll op hiren Nationalkongress an digitaler Form gelueden. Och dëst Joer war et nees e grousse Succès : Méi wéi 600 Memberen hunn de Kongress live suivéiert a matgemaach.

No méi wéi engem Joer Kris war et virun allem un der Zäit Bilan ze zéie vun de leschte Méint. Vill Leit hu wärend dem leschte Joer e léiwe Mënsch verluer an dofir war et och de Moment un déi ze denken, déi net méi konnten dobäi sinn.

Et sinn och dës Schicksaler, déi nach eng Kéier ënnerstrach hunn, wéi wichteg et war an ass, dass d’Regierung ënner dem Lead vum Xavier Bettel eng verantwortungsvoll Politik gemaach huet, déi d’Gesondheet vun de Leit un déi éischt Plaz stellt an déi d’Schëff sécher duerch dës stiermesch Zäite bréngt.

Lëtzebuerg wier säin eegene Wee gaang an hätt d’Pandemie am internationale Verglach gutt iwwerstan, sou de Xavier Bettel. D’DP-Equippe an der Regierung huet mat hirem Kapitän un der Spëtzt an deene verschiddene Beräicher déi richteg Decisioune geholl fir sou gutt et geet duerch d’Kris ze kommen.

Et ass awer och no vir gekuckt ginn, well d’Corona-Pandemie ass nëmmen eng vu villen Erausfuerderungen, déi et ze meeschtere gëllt. Egal ob Logement, Klima oder déi wirtschaftlech Relance : Et gëtt vill ze schaffe fir d’Land op d’Zukunft ze preparéieren. Eng Aufgab, déi d’DP voller Elan, mat neien Iddien an engagéierte Mandatairen a Memberen ugeet.

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube’s privacy policy.
Learn more

Load video

Statutaresch Walen

Schliisslech stoungen och verschidde Walen um Programm: Zum enge fir de Comité directeur a fir déi véier regional Bezierkskommiteeën, wou vill motivéiert Membere sech gemellt hunn. Zum anere sinn och d’Bezierkspresidenten am Osten an am Süden nei gewielt ginn. Hei konnt d’Carole Hartmann am Osten seng eege Nofolleg untrieden. Am Süde konnt d’Dahlia Scholl sech ganz knapp géint de Lou Linster duerchsetzen. Jidderengem, dee sech opgesat huet, Merci fir den Engagement an all deenen, déi gewielt gi sinn, vill Erfolleg a Freed bei hirer neier Aufgab!

Statutenännerung

Last but not least, ass och eng Statutenännerung decidéiert ginn : Den Artikel 2.2, deen de Lëtzebuerger Journal als offiziell Parteizeitung bezeechent, ass gestrach ginn.

Impressiounen vun eisem Kongress

Digitalkongress 2021

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...