Claude Meisch

D’Schoul an Zäite vum Covid-19

Wärend verschidde Länner an der Pandemie massiv op den Homeschooling gesat hunn, huet Lëtzebuerg méi eng equilibréiert Approche applizéiert. D‘Aféierung vun A/B-Wochen – een hybride Modell tëschent Homeschooling a Präsenzunterrecht – huet sech schliisslech als déi beschten Alternativ erwisen.

Ënnert dem Slogan Maximal Chance fir d‘Bildung, minimal Chance fir de Virus huet sech den Educatiounsminister Claude Meisch fir eng Rentrée 2020/2021 agesat, déi engersäits de Schutz vun der Gesondheet vun Enseignanten a Schüler priméiert, an anerersäits de Suivi vun enger fairer an héichwäerteger Bildung garantéiert. Ee schwierege Balance-Akt!

Fir d’Verbreedung vum Virus an de Schoulen ze limitéieren, huet de Bildungsministère en 3-Stufeplang ausgeschafft, mat deem d’Hygiènes- an d’Distanzmesuren, ma och d’Isolatioun an d’Quarantäne kënne jee nodeem ugepasst ginn. Och d’Corona-Teststrategie, mat de mobillen Testequippen an de Schnelltester, spillt eng Schlësselroll fir d‘Kontinuatioun vum Unterrecht. Dobäi kënnt de Schutz duerch FFP2-Masken an CO2-Miesser, déi de Ministère un d’Enseignante verdeelt huet.

D’Chancëgläichheet ass eng weider Prioritéit an der Kris. Fir de Bildungsminister dierf de Gruef vun de sozialen Inegalitéiten duerch d‘Pandemie op kee Fall méi grouss ginn. Dofir sinn eng Rei Initiativen, ewéi d’Summerschool an d’Plattform schouldoheem.lu, op d’Bee gestallt ginn. Si erlaben et, fir d’Kanner am Homeschooling a wärend de Vakanzen ze begleeden.

D’Wuelbefanne vun de Kanner a vun de Jugendleche läit dem Minister besonnesch um Häerz. Dofir huet de Claude Meisch d’Reprise vum Schoulsport a vun den activités périscolaires – ënnert den néidege Schutzmesuren – nees esou séier wéi méiglech erlaabt. Schliisslech sollen – nieft dem edukative Volet – virun allem déi sportlech, sozial a kulturell Interessie vun de Jonken erëm am Virdergrond stoen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...