D’Zukunft vum Schaffen

Ech sinn der fester Iwwerzeegung, datt eis Aarbechtswelt muss méi flexibel ginn. Si entsprécht weder de Realitéite vun haut, nach de Besoine vu ville Familljen. Ee Kärelement ass a mengen Aen d’Ofschafe vun der rigider 40-Stonne Woch, hin zu enger Joresaarbechtszäit vun 1.800 Stonnen. D’Aféiere vun Aarbechtszäitkonten, d’Recht op Deelzäit, eng Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten an eng Flexibiliséierung vun der Sonndesaarbechtszäit op fräiwëlleger Basis si weider Beispiller, ewéi ech mir e modernt Aarbechtsrecht virstellen. An zwar am Sënn vu méi Flexibilitéit fir de Salarié a fir de Patron.

Den Teletravail ass duerch d’Pandemie fir vill Leit zum Alldag ginn. D’Betriber an d’Verwaltungen hu sech mussen ëmstellen, fir den Infektiounsrisiko bei sech am Haus esou kleng ewéi méiglech ze halen. Den Teletravail bitt awer och aner Virdeeler: Et verléiert ee manner Zäit am Stau, an déi Zäit huet ee méi fir seng Famill a fir Frënn a Fräizäit. Et ass och un der Zäit, fir d’Léieren aus den Erfarunge mam Teletravail ze zéien, notamment wat d’Risike vun der Isoléierung, vun der permanenter Disponibilitéit vum Salarié oder awer och vun den organisationelle Schwieregkeete fir d’Betriber betreffen. Nieft de Salariéeë brauchen och d’Entreprisen e Kader, fir d’Aarbechtszäite besser un hiert wirtschaftlecht Ëmfeld unzepassen. Mir wëllen déi Decisiounen zesumme mat de Betriber a mat de Salariéen organiséieren. An zwar esou, datt d’Arbeitgeber an déi Beschäftegt um Enn vun enger méi digitaler Aarbechtswelt profitéieren. 

D’Digitaliséierung wäert d‘Aarbechtswelt vu muer déifgräifend veränneren – och duerch eng verstäerkten Automatiséierung vun den Aarbechtsprozesser. De Stellewäert vun der Aus-, Weider- an Ëmbildung a Richtung nei Technologie wäert also nach méi wichteg ginn. D’Leit musse beschtméiglech op den Aarbechtsmaart virbereet ginn. Dofir mussen d’Viraussetzunge stëmmen, fir datt d’Digitaliséierung eng Chance fir déi Beschäftegt ass – a keng Gefor. 

Ech sinn och dovunner iwwerzeegt, datt eisen digitalen Haaptsëtz op d’mannst genee esou wichteg muss ginn, ewéi dee physeschen. Digital heescht net, datt et ni soll perséinlech ginn, et heescht just, datt een esou gutt ewéi méiglech ekipéiert ass, fir eng gutt Aarbecht mat sengem Privatliewen ze kombinéieren. Flexibilitéit ass eng nei Norm, déi mir wärend der Kris fir eis entdeckt hunn. Mir brauchen e modernt Aarbechtsrecht, dat jidderengem méi Fräiraum bitt. En Aarbechtsrecht, dat de richtege Kader setzt, fir d’Erausfuerderunge vu muer.

Jeffrey Drui

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...

Networking mat Schwong

Jonk Demokraten an DP-Memberen ënner 35 Joer hu sech am Strike um Houwald bei engem Patt an engem gudde Maufel besser kennegeléiert a bei Bowling, Darts a Co. eng flott Zäit zesumme verbruecht.

weiderliesen...