E Schrack fir méi Sécherheet

D’Chamber huet dëse Mëttwoch, 8. Juli 2026 eng renforcéiert Versioun vum Platzverweis vun 2022 decidéiert. Lei, déi sech donieft behuelen, kënne vun der Police fir 15 Deeg vun enger bestëmmter Plaz verwise ginn. Ausname gëllen z.B. fir Mënschen, déi an der Géigend wunnen oder d’urgence musse bei den Dokter.

Den DP-Deputéierte Luc Emering huet déi laangjäreg Fuerderung vu senger Fraktioun ënnerstëtzt an dorunner erënnert, datt d’Police, d’Bevëlkerung an d’Commerçante scho laang géingen esou Mesurë verlaangen.

Et géing hei ëm déi fundamental Fro, fir e Gläichgewiicht ze fannen tëschent de Fräiheete vum eenzelen an dem Recht vun deenen aneren, fir sech am ëffentleche Raum sécher a fräi beweegen ze kënnen. Als liberal Partei géing d’DP d’Fräiheete vu jidderengem respektéieren. Allerdéngs géing d’Reegel gëllen, datt deem enge seng Fräiheet do ophéiert, wou deem aneren seng ufänkt.

Wann d’Liewensqualitéit vun de Leit ageschränkt gëtt, wann d’Leit sech net méi sécher fillen, oder wa Mënschen an hirer Aarbecht gehënnert ginn, da misst d’Politik eppes ënnerhuelen, an dat wier hei de Fall. Et wier déck Zäit ginn, datt de legale Kader der Realitéit um Terrain endlech Rechnung dréit, an datt d’Police ka géint Leit virgoen, déi d’Liewesqualitéit vun der Majoritéit aschränken. Et geet hei awer net drëm, fir Leit an der Aarmut ze bestrofen, esou de Luc Emering.

Dofir ass et wichteg, datt dëse Projet net als Reaktioun op sozial Problemer verstane gëtt, mee als Instrument, fir konkret, problematescht Verhalen, vu jidderengem, am ëffentleche Raum ze encadréieren.

D’Mesurë fir Leit an Nout ze hëllefe géingen op alle Fall weiderlafen. Fir d’DP wor et och wichteg, datt déi rechtsstaatlech Garantien erhale bleiwen. Esou kéint d’Police Leit net direkt vun enger Plaz verweisen. Fir d’éischt kéim e Rappel à l’ordre, duerno eng Injonction d’éloignement. An eréischt bei e puer Recidivë géing eng Interdiction de lieu ausgeschwat. De Luc Emering huet och dorun erënnert, datt et sech hei net ëm eng penal, ma ëm eng administrativ an eng präventiv Mesure handelt.

Eng Mesure, déi misst duerch genuch Personal a Formatioun bei der Police an duerch e soziale Kader gestäipt ginn. D’DP hofft elo, datt déi Reform, zesumme mat enger gudder Präsenz um Terrain, dozou bäidréit, datt d’Leit sech am ëffentleche Raum nees e Stéck méi sécher fillen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm d’Lutte géint Gewalt, d’Situatioun beim Entreprenariat oder och nach den Anniversaire vun enger Kulturinstitutioun.

weiderliesen...

Flexibilitéit a Schutz vum Salarié verknäppen

An der Konsultatiounsdebatt iwwer déi geplangten Aarbechtszäitorganisatioun huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann dëse Mëttwoch an der Chamber begréisst, datt un engem Aktiounsplang geschafft gëtt, fir d’Kollektivvertragswiesen zu Lëtzebuerg ze stäerken, esou wéi d’EU-Obligatiounen dat virgesinn.

weiderliesen...

Gëtt et nach Hoffnung?

An der Tribune Libre vun der DP freet sech den Europadeputéierte Charles Goerens haut, wéi d’Memberlänner vun der EU déi sëllege Krisen an de leschte Jore gepackt hätten, wa se 27 mol eleng gewiescht wieren.

weiderliesen...