Xavier Bettel

Et geet ëm Solidaritéit

De Krich an der Ukrain an eis Solidaritéit mam ukrainesche Vollek hunn e Präis. Wéinst der aktueller Energiekris an der héiger Inflatioun stinn Existenzen an Aarbechtsplazen um Spill. D’DP hëlt dës Suergen eescht.

De Kaafkraftverloscht vun de Stéit – grad vu klengen a vu mëtteleren Akommes – ass reell.

Och eis Betriber kréien déi zousäzlech Käschten ze spieren a maache sech Suergen iwwert hir Zukunft an iwwer d’Zukunft vun hire Mataarbechter.

Am Kader vum Energiedësch sinn éischt, cibléiert Mesuren ëmgesat ginn,

fir d’Hausse vun den Energiepräisser ofzefiederen. Dozou zielt d’Aféiere vun enger sozial selektiver Energieprimm fir déi Leit, déi et am meeschte brauchen.

Op Initiativ vum Premierminister Xavier Bettel ass eng Tripartite aberuff ginn, fir weider Léisungen am Interêt vum Land ze beschléissen. D’Regierung an d’Sozialpartner hu sech dofir op een historesche Mesure-Pak gëeenegt.

Dëse Solidaritéitspak wäert eis hëllefen, duerch d’Kris ze kommen an e wäert och sécherstellen, datt mir se notzen, fir eis energetesch Transitioun weider ze verdéiwen. D’Solidaritéit ass a muss de Leetfuedem an dëser Situatioun sinn.

Den Index ass net a Fro gestallt ginn! D’Index-Tranche, déi am Juli declénchéiert ginn ass, gëtt op den 1. Abrëll 2023 reportéiert, awer net annuléiert.

Aféierung vun engem sozial gestaffelte Steierkredit, deen de Kaafkraftverloscht vu Stéit mat klengem Akommes iwwerkompenséiert.

Aféierung vun enger Energieprimm fir besonnesch vulnerabel Leit.

D’Indexéierung vum Kannergeld bleift a gëtt net verréckelt.

De Montant vun de Studiebäihëllefe gëtt gehéicht.

D’Loyeren op Wunnenge gi bis d’Enn vum Joer agefruer.

D’Subvention Loyer gëtt gehéicht.

Primme fir déi energetesch Sanéierung ginn an d’Luucht gesat.

Bensinn, Diesel a Masutt si 7,5 Cent de Liter erofgesat ginn.

Betriber mat héijen Energiekäschte gi mat cibléierten Hëllefen ënnerstëtzt.

Alleguerten d’Mesure fannt dir op solidaritéit.dp.lu

„Et ass fir d’éischte Kéier, wou d’Stéit hei zu Lëtzebuerg esou eng cibléiert Kompensatioun fir d’Verréckele vun enger Indextranche kréien.”

GILLES BAUM
Rapporter vum Tripartitesgesetz

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...