De Charel Goerens sëtzt u sengem Büro.

Europa

„Virun der Rentrée hunn ech mech mat de Lëtzebuerger Medie getraff, fir driwwer ze schwätzen, wéi d’EU-Aussepolitik an deenen nächste Jore besser ka finanzéiert ginn. Mat dem neie Global Europe-Fong vun 80 Milliarden Euro, deen ech gehollef hu mat op de Wee ze bréngen, wäert Europa seng Humanitär- an Entwécklungshëllef rationaliséieren, a besser garantéiere kënnen, dass déi international Partner eis Grondwäerter vertrieden.

Ech war dann och zu Gaascht am Kloertext op RTL, fir iwwert d’Situatioun am Afghanistan ze schwätzen. D’Evakuatioun vun EU-Bierger a vu villen, mee leider net alle lokalen Hëllefskräften, huet kloer gemaach, wéi ofhängeg d’EU vun den Amerikaner ass. Mir mussen dowéinst dringend méi strategesch autonom ginn. Konkret brauch een hei eng méi enk politesch Unioun an eng seriö Verdeedegungsunioun.

Zu Stroossbuerg hunn ech dunn och der Kommissiounspresidentin hier Ried zur Lag vun der Unioun nogelauschtert. D‘EU ka sech zu Recht felicitéieren, dass d‘Zil vun enger Vaccinatiounsquot vu 70% erreecht ginn ass. Elo musse méi Efforte gemaach ginn, fir och de Rescht vun der Welt z’impfen.”

Charles Goerens,
Europadeputéierten

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...