Fir eng innovativ & nohalteg Finanzplaz

An de leschte Joerzéngten huet Lëtzebuerg sech kënnen als Finanzplaz duerchsetzen. Virun allem mat eiser Fongenindustrie si mir weltwäit Spëtzereider. An de Lëtzebuerger Fonge ginn am Moment iwwer 5 Billiounen Euro geréiert an de Grand-Duché huet 119 Banken.

Virun allem bedeit eis Finanzplaz konkret eng ronn 55.000 Aarbechtsplazen a Staatsrecetten a Milliardenhéicht. Eleng d’taxe d’abonnement op de Fonge bréngt 1,2 Milliarden Euro d‘Joer an d’Staatskeess.

Als Ekonomist weess ech, datt eng gesond Wirtschaft – a virun allem eng gesond Finanzplaz – nach ëmmer d’Fundament vun eisem Wuelstand sinn, vum Erfollegsmodell Lëtzebuerg.

Eisen Ekosystem kënnt awer net vun ongeféier!

Mir hunn e legale Kader, deen andauernd ugepasst gëtt an deen den Investisseure Sécherheet a Previsibilitéit gëtt. A mir hu virun allem och héichspezialiséiert a gutt Leit, d.h. Affekoten, Banquieren an Assureuren, déi eng reell Plus-value duerstellen.

Lëtzebuerg dierf sech net op dësen Acquisen ausrouen. D’Investisseure kucken zu all Moment, wou se hire Patrimoine esou sécher a performant wéi méiglech investéiere kënnen. Populistesch Walkampf-Iddien, wéi eng Räichesteier, hätten en immens negativen Effekt op d’Banken, déi hei zu Lëtzebuerg Fortunë geréieren. Eis Banken, déi souwisou schonn extrem strengen Obligatioune vum Regulateur ënnerleien, Aarbechtsplazen a Recettë fir de Staat kéinte vun haut op muer fort sinn. Dëst hätt en direkten Impakt op eise Wuelstand.

Länner ewéi Irland positionéiere sech ëmmer méi staark, a Lëtzebuerg riskéiert weider Maartundeeler ze verléieren. Irland huet eng aggressiv Legislatur, fir Fongen unzezéien. Viru kuerzer Zäit huet Amundi, en Asset Manager, annoncéiert, siwe Fongen, déi zu Lëtzebuerg domiciliéiert waren, an Irland ze verleeën. Dës Fongen hunn 10,7 Milliarden Euro geréiert. Schonn am September hat Amundi Fongen an Héicht vu bal 7 Milliarden an Irland transferéiert. Mir gesinn: D’Konkurrenz schléift net.

Dowéinst gëtt et just ee Wee: de Wee vun der Innovatioun. Esou wéi eis Finanzplaz sech duerch d’Fongen huet kënnen e Virdeel verschafen, esou mussen alternativ Avoiren a Lëtzebuerg als Start-Up-Natioun weider developpéiert ginn. Dofir gëllt et Entrepreneuren Incentiven ze schafen, fir sech net zu Paräis, Berlin oder Amsterdam z’etabléieren, mee hei bei eis, zu Lëtzebuerg.

Virun allem mussen déi nohalteg Finanzen ënnerstëtzt an ausgebaut ginn. All drëtten nohaltege Fong an Europa ass zu Lëtzebuerg domiciliéiert. Domat ass eist Land op der éischter Plaz. Eise Luxembourg Green Exchange huet déi meeschte gréng Obligatioune weltwäit. Fir datt dat och esou bleift muss d’Steierlaascht kompetitiv am internationale Verglach bleiwen, an zu all Moment déi international Standarden anhalen. Gläichzäiteg muss eise legale Kader innovativ weiderentwéckelt ginn, fir dass mir och an Zukunft d’Nues vir hunn.

Dat ass den Erfollegsmodell Lëtzebuerg.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Bäihëllefen am Logement besser geréieren

Dat nächst Joer gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

weiderliesen...

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...