Firwat dauert et sou laang bis dass d’Leit d’Primm fir e Vëlo oder Elektro-Auto ausbezuelt kréien?

Den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Max Hahn ass zu Ouere komm, dass et ënner Ëmstänn ganz laang dauert bis dass d'Leit d'Primm "Clever Fueren" och tatsächlech ausbezuelt kréien. Si hunn dowéinst bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, firwat dat sou ass a wat kann ënnerholl ginn, fir dës Delaien ze reduzéieren.

« Il nous revient que beaucoup de personnes ayant introduit une demande pour la prime pour une mobilité durable « clever fueren » doivent attendre plusieurs mois avant de se voir verser la prime en question.

Dans ce contexte nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable :

– Combien de primes, réparties par catégorie (vélo, pedelec, voiture électrique etc.), ont été accordées depuis son introduction en mars 2020 ? Combien de ces primes ont déjà été versées ?

– Madame la Ministre peut-elle informer sur la durée moyenne entre la réception de la demande pour une prime et le versement effectif de celle-ci ?

– Le cas échéant, de quelle manière ce délai pourrait-il être raccourci ? »

Äntwert

D’Ministesch präziséiert an hirer Äntwert, dass zënter Mäerz 2019 eng 12.200 Demandë fir d’Primm “Clever fueren” accordéiert gi wieren, vun deenen d’Majoritéit fir e Vëlo (5600) oder e Pedelec (4900) wieren. Wéinst dem immens groussen Undrang fir eng Primm fir douce Mobilitéit wier déi normal Dauer fir d’Primm auszebezuele vu véier Wochen op sechs Méint ropgaangen, eng Situatioun, déi awer sou séier et geet duerch intern Reaffektiounen an Neiastellunge soll verbessert ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...
Santé et sécurité au travail

Wéi oft gouf géint d’Aarbechtsrecht verstouss ?

D’ITM krut an de leschte Joren nei Inspektere bäi, déi op de Chantieren an Aarbechtplazen Kontrollen duerchféieren. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu beim Aarbechtsminister ënnert anerem nogefrot, wéi oft géint d’Aarbechtsrecht verstouss gouf, wéi eng Secteuren betraff waren a wéi eng Sanktioune verhaange goufen.

weiderliesen...