Firwat kënnen d’Zuch-Horaire net an de Gemengen-Appen integréiert ginn?

Verschidde Gemengen uechtert Land hunn eng mobil App lancéiert, wou een nieft dem Offall - a Manifestatiounskalenner och d‘Horaire vum ëffentlechen Transport an deene jeeweilege Gemenge ka consultéieren. An deem Kontext, hunn D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty beim zoustännege Minister nogefrot, firwat d’Zuch-Horaire den Ament net kënnen an dësen Appen integréiert ginn.

„Déi lescht Jore goufe vill Efforte gemaach, fir den ëffentlechen Transport auszebauen a méi attraktiv ze maachen. Beim Fërdere vum ëffentlechen Transport dierf d‘Kommunikatioun vun den Horairen awer net vergiess ginn. An deem Sënn hu verschidde Gemengen eng mobil App lancéiert, wou een nieft dem Offall – a Manifestatiounskalenner och d‘Horaire vum ëffentlechen Transport an deene Gemenge ka consultéieren. Zum Bedauere vun de Gemengen ass et den Ament just méiglech, fir d’Bus-Horairen an dësen Appen z‘integréieren. D’Zuch-Horaire kënnen net integréiert ginn, ewell d’CFL déi Donnéeën net zur Verfügung stellt.

An deem Kontext wëlle mir dem Här Transportminister folgend Froe stëllen:

  • Ass den Här Minister der Meenung, dass d‘CFL de Gemenge  soll hir Donnéeën iwwert d’Zuch-Horairen zur Verfügung stellen?
  • Wann net, kann den Här Minister eis d’Grënn dofir soen?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Leit si géint Tetanus geimpft ?

D’Tetanusimpfung muss a reegelméissegen Ofstänn erneiert gi fir wierksam ze bleiwen, mee net jiddereen denkt un dës wichteg Opfrëschung.
Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Leit aktuell wierksam geimpft sinn, wéi vill Doudesfäll et opgrond vun enger Tetanuserkrankung ënnerhalb vun de leschten 10 Joer gouf, a wéi vill elektronesch Impfcarneten bis haut aktivéiert goufen.

weiderliesen...