Prisong Mauer Iwwerwaachung

How protected are prison guards from attacks?

The situation of prison guards isn’t an easy one. Verbal attacks are part of their everyday life, and physical attacks and serious threats are also becoming more common. How are prison staff protected? How many attacks have there been in recent years? And how can the guards protect themselves from threats? Our MPs Claude Lamberty and Max Hahn have asked the responsible ministers.

« De Mëttwoch den Owend koum et am Prisong zu Schraasseg zu enger brutaler Attack vu Prisonéier op 6 Giischtercher. Et wieren och Morddreeungen géint d’Gardienen an och géint d’Personal aus dem Prisong ausgeschwat ginn. Gewalt a verbal Attacken stinn an engem Prisong oft un der Dagesuerdnung. Allgemeng géif een säitens vum Personal awer mierken, dass iwwert déi leschte Wochen a Méint souwuel déi kierperlech wéi och déi verbal Attacken a Menacen enorm zouhuelen. 

Déi héich Prisongspopulatioun war iwwer déi lescht Joer ëmmer erëm e Sujet. Zudeem versteet sech, dass do wou vill Prisonéier openeen kommen, d’Konfliktpotential erhéicht ass, an d’Belaaschtung op béide Säiten zouhëlt.

D‘Giischtercher‘ hätten och nëmme limitéiert Moyenen sech ze verdeedegen.  Beispillsweis wier d’Immobilisatioun vun engem Prisonéier an och den Ekipement fir sech am Noutfall oder bei enger Revolt ze schützen streng reglementéiert. Oft géif et och virkomme, dass Membere vum Personal net informéiert ginn, wa Menacen géint si oder Membere vun hirer Famill géifen ausgeschwat ginn.

An deem Kader wollte mir der Madamm Justizministesch an dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Wat war den Ausléiser vun den Attacken op d’Giischtercher am Prisong Schraasseg de Mëttwoch 29. Juni 2022?
  • Wéi vill Incidenten gouf et an de leschte 5 Joer an de Lëtzebuerger Prisongen déi d’Sécherheet vun de Prisonéier oder dem Personal gefäerdet hunn?
  • Gëtt d‘Prisongspersonal ëmmer iwwert Menace vis-à-vis vun hinnen oder Membere vun hirer Famill informéiert?
  • Falls nee, wisou net?
  • Wat gëtt de ‚Giischtercher‘am Fall vun enger seriöer Menace géint si oder géint Membere vun hirer Famill geroden ze ënnerhuelen?
  • Wat fir Moyenen stinn de ‚Giischtercher‘ zur Verfügung fir sech am Fall vun enger kierperlecher Attack ze wieren?
  • Wisou gëtt d’Immobilisatioun am Prisong anescht gehandhaabt wéi bei Interventiounen baussent dem Prisong?

Ginn Ënnerscheeder gemaach wéi männlech oder weiblech ‚Giischtecher‘ op gewalttäteg Situatiounen am Alldag virbereet ginn? »

Answer

– Wat war den Ausléiser vun den Attacken op d’Giischtercher am Prisong Schraasseg de Mëttwoch 29. Juni 2022?

E mannerjäregen Détenu  ass den 29. Juni 2022 op Schraasseg komm an hien huet d’Fouille corporelle duerch d’Beamten verweigert. Doropshin ass entscheed ginn d’Fouille am Détenu senger Zelle ze maachen. Den Détenu huet dunn eng Forschette aus Plastik an d’Fanger kritt an hien huet ugefaangen d’Beamten ze aggresséieren, mat Féiss ze rennen, mat de Fäischt ze schloen an ze bespäitzen.

– Wéi vill Incidenter gouf et an de leschte 5 Joer an de Lëtzebuerger Prisongen déi d’Sécherheet vun de Prisonéier oder dem Personal gefäerdet hunn ?

Hei ass d’Unzuel vun den Aggressiounen op e Member vum Personal iwwert déi lescht 5 Joer:

– 2018: 5 Aggressiounen op e Member vum Personal an 3 Tentativen ;

– 2019: 7 Aggressiounen op e Member vum Personal an 3 Tentativen ;

– 2020: 8 Aggressiounen op e Member vum Personal an 3 Tentativen ;

– 2021: 13 Aggressiounen op e Member vum Personal an 2 Tentativen ;

– 2022: 10 Aggressiounen op e Member vum Personal.

Hei ass d’Unzuel vun de Brenn an de leschte 5 Joer:

– 2018: 0

– 2019: 0

– 2020: 2

– 2021: 6

– 2022: 1

An d’Unzuel vun de Mouvements collectifs/Streiken:

– 2018: 5

– 2019: 2

– 2020: 1

– 2021: 0

– 2022: 0

Gëtt d’Prisongspersonal ëmmer iwwert Menace vis-à-vis vun hinnen oder Membere vun hirer Famill informéiert ?

Jo, d’Prisongspersonal gëtt iwwert all Menace vis-à-vis vun hinnen oder Membere vun hirer Famill informéiert.

Meeschtens ass de Beamten selwer dobäi wann e Gefaangenen Drohungen géingt hien oder – vill méi seelen – géingt seng Famill ausdréckt. An deene ganz rare Fäll wou de Beamten net präsent war, kritt hien eng Copie vum “Compte-Rendu d’Incident” pour information a kann dann déi Schrëtter aleeden déi hien an deem Fall fir néideg hält.

– Wat gëtt de Giischtercher am Fall vun enger seriöser Menace géint si oder géint Membere vun hirer Famill geroden ze ënnerhuelen ?

De Giischtercher gëtt an deem Fall geroden eng Plainte bei der Police ze maachen. Den Détenu gëtt op eng aner Abteilung geluecht, sou dass hien kee Kontakt méi mat deem Agent huet. Dann kann och all Agent en appui psychologique bei der Fonction publique froen.

– Wat fir Moyen stinn de Giischtercher zur Verfügung fir sech am Fall vun enger kierperlecher Attack ze wieren?

Am Fall wou am viraus gewosst ass, dass den Détenu aggressiv ass, intervenéiert de “groupe d’intervention Pénitentiaire” (GRIP), deen dat néidegt Equipement huet. Ausserdeem hunn d’Beamten op den Abteilungen Handschellen fir am Noutfall ze benotzen. Ab dem Hierscht, wann dat noutwenneg Material ukomm ass an di virgeschriwwen Formatiounen gemaach gi sinn, wäerten den Agenten zwee zousätzlech Moyen de Contrainte matériels zur Verfügung stoen fir sech géint Menacen vun Säiten vun den Détenu ze wieren.

– Wisou gëtt d’Immobilisatioun am Prisong anescht gehandhaabt wéi bei Interventiounen baussent dem Prisong ?

Bei den Immobilisatiounstechniken gëtt et keen Ënnerscheed ob se am Prisong oder ausserhalb vum Prisong ugewannt ginn.

– Ginn Ënnerscheeder gemaach wéi männlech oder weiblech Giischtercher op gewalttäteg Situatiounen am Alldag virbereet ginn ?

Nee, et ginn keng Ënnerscheeder gemaach wéi männlech oder weiblech Giischtercher op gewalttäteg Situatiounen am Alldag virbereet ginn.

Would you like this parliamentary question to be translated into English?

Share:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

More parliamentary questions

How can children’s health be improved?

Children’s health problems are increasing and access to paediatricians is becoming more and more difficult. DP MPs Mandy Minella and Carole Hartmann asked the Minister of Health what measures are planned to improve the situation, whether a national strategy for child health is planned and whether a national coordinator for child health should be appointed.

read more...

Crushing of materials in the green zone

DP MPs Luc Emering and André Bauler put a number of questions to the Minister for the Environment concerning the crushing of materials in the green zone. In particular, they wanted to know whether a nature protection authorisation was required for this and why every authorisation issued for buildings in the green zone did not mention that recycled materials should be used.

read more...

Will a second PET-CT be purchased ?

The former Minister of Health had announced that a second PET-CT could possibly be purchased in order to shorten the waiting time for patients. DP MPs André Bauler and Carole Hartmann have asked the current Minister of Health where the preparations for the purchase of this second PET-CT are at, whether this machine could possibly come to the hospital in Ettelbrück and how the number of treatments in this area has developed over the last 10 years.

read more...