Infrastructure problems in Echternach?

The DP deputies Carole Hartmann and André Bauler have asked the Minister of Culture about the infrastructure problems in Echternach. In this context, besides the municipality and the private actors, the state also has an important responsibility.

„Zanter Jore stellen sech eng Rei Infrastrukturprobleemer zu Iechternach, déi entweder ongeléist bleiwen oder nëmme lues a lues aus der Welt geschaf ginn. Och wann dës infrastrukturell Retarde virun allem an d‘Verantwortung vun der Gemeng oder vu privaten Acteure falen, sou dréit awer och de Staat eng speziell Responsabilitéit, wann et drëms geet fir den “Image de marque” vun der Abteistad, déi international bekannt ass, opzewäerten.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:

  1. Ass et virgesinn fir de Site vum Lycée opzewäerten (Restauratioun vun de Fassaden, Erneierung vun den ëffentleche Plaze ronderëm de Lycée, …)? Gëtt och un eng Restauratioun vun der Basilika geduecht, déi dem Staat jo gehéiert (Renovéierung vum Banneraum, Restauratioun vun de Fassaden,…)?
  2. Ass och schonn e Projet entwéckelt ginn fir de Park laanscht d‘Sauer ze rehabilitéieren? Wéi wäit sinn d’Aarbechten um historesche Pavillon fortgeschratt?
  3. Wou ass de Staat nach gewëllt fir seng eegen Infrastrukturen am Raum Iechternach ze moderniséieren? 
  4. Wéi laang wäerten di archeologesch Fouillen um Site vun der fréierer “Petite Marquise” nach daueren? Wat sinn d’Conclusiounen zu de rezenten Aarbechten?
Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an vun der Kulturministesch op d’parlamentaresch Fro n° 7194 vum 16. November 2022 vum Här Deputéierten André Bauler an vun der Madamm Deputéiert Carole Hartmann.

Ass et virgesinn fir de Site vum Lycée opzewäerten (Restauratioun vun de Fassaden, Erneierung vun den ëffentleche Plaze ronderëm de Lycée, …)? Gëtt och un eng Restauratioun vun der Basilika geduecht, déi dem Staat jo gehéiert (Renovéierung vum Banneraum, Restauratioun vun de Fassaden,…)?

No den Iwwerschwemmunge vum 14. a 15. Juli 2021 huet de Staat vill an d’Reparatur an den Neesopbau vun den Infrastrukturen an de Gebaier vum Site vum Lycée investéiert.

Grouss Deeler vun den techneschen Infrastrukturen an der Bausubstanz sinn deemools zerstéiert oder beschiedegt ginn.

Et sinn aktuell nach ëmmer Sanéierungsaarbechten am Lycée amgaangen déi nach bis Enn 2024 wäerten daueren, well a Phasë geschafft muss ginn:

  • Ersetze vum Parquet an der Cafeteria,
  • Sanéierung vun all de Klassesäll (insgesamt 28 Stéck) déi sech um Rez-de-chaussée vun den Annexë befannen,
  • Deplacement vum Nidderspannungshaaptverdeeler vum ganze Site an der Aile Gendarmerie: d’Héichsetzen vun der Zentralbatterie vun der Noutbelliichtung, vun der Zentral vun der Feierdetektioun, vum Rack informatique a vum Regelungschaf vun der Heizung.

Des Weideren kann och eng Sanéierung vun de Fassadë vun den Annexë vum Lycée néideg ginn, well och si duerch d’Iwwerschwemmunge staark beschiedegt gi sinn. An deem Kontext muss nach eng Expertise op der Plaz gemaach ginn fir d’Envergure vun den Aarbechten ze definéieren.

Déi ëffentlech Plaze ronderëm de Lycée sollen och renovéiert ginn. Heifir ass geplangt eng Etude am Zesummenhang mam Projet vum Park laanscht d’Sauer ze lancéieren.

All des Moossname wäerten zu enger Opwäertung vum Site vum Lycée bäidroen.

Bezüglech der Basilika sinn Aarbechten an der Planung, dat zesumme mam Institut national pour le patrimoine architectural – INPA. Eng Pré-Etüd an eng finanziell Aschätzung vun dësen Aarbechte si schonn ausgeschafft ginn. En Opmooss mat enger statescher Analys ass och fäerdeg, sou wéi och eng Etüd vun de Vitrauen. Weider Etüde sinn an der Maach, dat fir d’Fassaden, de Banneraum, d‘Wandmolereien, d’Gespär, d’Klima, d’Uergel, d’Klacken, de Mobilier an d’Konschtwierker an der Basilika.

Ass och schonn e Projet entwéckelt ginn fir de Park laanscht d’Sauer ze rehabilitéieren? Wéi wäit sinn D’Aarbechten um historesche Pavillon fortgeschratt?

Fir de Park ass eng historesch an architektonesch Etüd ausgeschafft ginn. D‘Entwécklung vum Park vum 16 Joerhonnert konnt esou retracéiert ginn. En Ensembel vu Kaarten, Zeechnungen, Pläng a Fotoe sinn archivéiert an opgeschafft ginn. En Inventaire vun den architektoneschen Elementer gouf och gemaach. Eng präzis Analys vum Henri Luja sengem Plang ass identifizéiert an interpretéiert ginn. Dorops ass en éischte „schéma directeur“ betreffend dem Konzept vun der Konservatioun a vun der Restauratioun ausgeschafft ginn. De „schéma directeur“ muss elo mat alle concernéierten Acteuren diskutéiert ginn, éier dann e Gestiounsplang opgestallt gëtt.

Wou ass de Staat nach gewëllt fir seng eegen Infrastrukturen am Raum Iechternach ze moderniséieren?

D‘Policekommissariat vun Iechternach gëtt komplett renovéiert an transforméiert. Hei fänken d’Aarbechten am Januar 2023 un an dauere viraussiichtlech bis Ufank 2024.

Eng Etude de faisabilité fir d‘Gebai 47, rue des Romains ass amgaangen. An dëser fréierer Déngschtwunneng vun der Police soll en Foyer de jour et de nuit fir 8 Kanner amenagéiert ginn. D’Gebai ënnerleit dem Educatiounsministère.

Den Daach vum Gebai vun der Stroossebauverwaltung, 21, route de Wasserbillig, kritt eng nei Iwwerdeckung aus Schifer. Dës Aarbechte si fir d‘éischt Semester 2023 geplangt.

Ausserdeem ass geplangt fir an der Villa Gallo Romaine déi bestoend Gasheizung duerch eng Wärmepompel ze ersetzen. Dës Aarbechte sollen am 2. Semester 2023 realiséiert ginn.

Wéi laang wäerten di archeologesch Fouillen um Site vun der fréierer “Petite Marquise“ nach daueren? Wat sinn d’Conclusiounen zu de rezenten Aarbechten?“

De Gros vun de Fouillen ass ofgeschloss, am Moment sinn nach punktuell Ënnersichungen am Gaang fir nach weider Erkenntnisser aus dem Ëmfeld vum Virhaff ze kréien, wou spéiderhin d’Fundamenter fir den Neibau vun der Petite Marquise solle stoen kommen. Am Beräich vum Haaptgebai, der curtis, déi hanner der deemoleger Petite Marquise läit, sinn d’Ausgruewungen ënnerbrach well d’Strukturen am Buedem besser duerch de Wanter respektiv duerch de spéideren Iwwerbau kommen. Hei hänkt et vun de Planifikatiounen of wéini a wou nach eng kéier kuerzfristeg intervenéiert muss ginn. Dat wäert an enker Ofsprooch mat alle Bedeelegte geschéien.

D’Ausgruewungen am Beräich vun der Petite Marquise hu ganz bedeitend Strukturen un den Dag bruecht, déi net nëmmen um Plang vun der Abteistad, mee och um nationalen an europäesche Plang vu grousser Bedeitung sinn: mir hunn hei de komplette Grondrëss vum Iechternacher Klouschterhaff, dee laut Recherchë vum Historiker Henry Trauffler bis an d’Grënnungszait vum Klouschter, also bis an d’Zäit vum hellege Willibrord zréck geet. Déi archeologesch Decouvertë ginn effektiv bis an dës Zäit zréck.

D’Maueren aus Steng hunn hir Ufäng allerdéngs aus der Zäit vum Siegfried I. vu Lëtzebuerg, deen als leschte Laienabt vum Klouschter déi sougenannten Ottonesch Klouschterreform ëmgesat huet, dat heescht hien huet d’Amt vum Laienabt si gelooss, ass awer Vogt bezéiungsweis Obervogt vum Klouschter bleiwen. Als Vogt huet hien (a seng Nofollger) d’Klouschter no bausse vertrueden a war op deementspriechend representativ Gebailechkeeten ugewisen. De Site läit strategesch gutt um Kräizpunkt tëschent den Haaptstroossen, déi sech um Maartplaz treffen, mee och d‘ Veraarbechtung vun de Steng ass extrem opwenneg.

Am Verglach mat aneren europäesche Sitte weist sech, dass mir et hei mat extrem fréi an elaboréierten herrschaftleche Strukturen ze dinn hunn, déi esou an hirer Gesamtheet bis elo eenzegaarteg sinn. Hei besteet also eng eenzegaarteg Méiglechkeet fir den Ufank vun eiser mëttelalterlech Geschicht ze verdäitlechen, dëst gëllt net nëmme fir d’Geschicht vum Klouschter, mee besonnesch fir d’Geschicht vum Grof Siegfried a senger Famill, déi Ëmgang mat den héchste Perséinlechkeeten aus där Zäit haten, an där hir Duechter d’Kunigunde souguer Keeserin ginn ass. Dësen Aspekt vun eiser Geschicht gëtt effektiv bis elo kaum duergestallt, well dat aalt Bild vum “klenge Grof aus den Ardennen” nach ëmmer dominéiert.

Would you like this parliamentary question to be translated into English?

Share:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

More parliamentary questions

Would an awareness campaign against allergies be useful?

More and more people are developing allergies to food, pollen or mites. DP MP Carole Hartmann asked the responsible minister how the number of allergy sufferers has developed over the last ten years, whether an awareness campaign should be launched and when the announced pollen app will be available for those affected.

read more...

Modernising occupational medicine

There is a shortage of occupational physicians in our country. The coalition programme therefore provides for the modernisation of occupational medicine. DP MPs André Bauler and Carole Hartmann asked the Minister of Health how many occupational physicians are currently working in our country, what the age structure of the profession looks like and what the modernisation of occupational medicine could look like?

read more...