Kaffispaus Episod 4

„Lëtzebuerg – Safe to Serve”

Fir déi 4. Episod vun der Kaffispaus huet de Lex Delles d’Carole Ewert invitéiert. De Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus huet sech mat der Hotelsbesëtzerin iwwert den Tourismusstanduert Lëtzebuerg an iwwert d’Defie vum Horeca-Beräich ënnerhalen.

Wéinst der Coronakris war dëse Summer fir vill Leit Vakanz doheem ugesot. Fir de Lex Delles an d’Carole Ewert huet dat vill Leit dozou beweegt, fir am Land déi wonnerschéin – an deelweis verstoppten – Ecken ze besichen. Den Iwwernuechtungsbong am Wäert vun 50 Euro hätt säin Deel dozou bäigedroen. Déi Zwee hunn och ënnerstrach, datt een sech als Tourist kann an den Hotelen a Restaurante sécher spieren. D’Betriber hätten an deem Sënn grouss Efforte gemaach.

Donieft hunn déi zwee Gäscht och déi verschidde Campagnen am Kader vun der Vakanz doheem thematiséiert. Béid ware sech eens, datt et net just drëms geet fir déi wirtschaftlech a sozial Voleten z’ënnerstëtzen, mee och fir Lëtzebuerg als Land nei z’entdecken.

D’Digitaliséierung huet an dëser Zäit vill Avantagen opgewisen, op déi een an Zukunft weider kann opbauen. Weider Detailer goufen et och zu der Campagne Smile again, der Entwécklung vun der Online-Plattform letzshop.lu a wéi een d’Virdeeler vun der Digitaliséierung och an Zukunft wëll weider notzen.

Click on the button to load the content from open.spotify.com.

Load content

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Kaffispaus Episod 5

Kaffispaus Episod 5

Rassismus an Diskriminatioun gehéieren nach ze oft zum Alldag vu ville Mënschen. Zesumme mam Derek Wilson, schwätzt d’Monica Semedo iwwer dëse wichtege Sujet a méiglech Léisungsusätz.

weiderliesen...