Kënnt et zur Kommerzialiséierung vun therapeutesche Wunnstrukturen?

Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden. Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dës Gerüchter der Wourecht entspriechen a, wa jo, firwat dëse Wee ageschloe gëtt, amplaz bestoend Acteuren aus der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier z'ënnerstëtzen.

Fro

« La Société luxembourgeoise de psychiatrie, pédopsychiatrie et psychothérapie a récemment publié un communiqué de presse dans lequel il fait état de rumeurs selon lesquelles le ministère de la Santé étudierait la possibilité « de délivrer des agréments pour gérer des logements thérapeutiques destinées à accueillir des personnes vulnérables à des sociétés commerciales alors que la psychiatrie extrahospitalière conventionnée à but non lucratif a pu développer un modèle de prise en charge pluridisciplinaire ambulatoire depuis plus d’un demi-siècle. »

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé :

  • Madame la Ministre, est-il vrai que le ministère de la Santé a l’intention de délivrer des agréments pour la gestion de logements thérapeutiques à des sociétés commerciales ? Dans l’affirmative, pour quelles raisons a-t-il été décidé d’emprunter cette voie, qui peut être considérée comme une commercialisation de la médecine ?

Madame la Ministre, n’est-elle pas d’avis qu’il serait plus judicieux de soutenir la psychiatrie extrahospitalière conventionnée, qui s’est jusqu’à présent occupée de la prise en charge, avec des moyens supplémentaires ? Dans la négative, pour quelles raisons ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...