Liichtmëssdag als immateriellt Kulturierwe schütze loossen?

Al Traditiounen a Bräich geroden ëmmer méi an de Vergiess. Si kënnen a sollen als immateriellt Kulturierwen geschützt ginn. Op Liichtmëssdag huet den Deputéierten André Bauler dofir e puer Froen un d'Kulturministesch gestallt.

„Haut ass Liichtmëssdag. All Joer um 2. Februar ginn d’Kanner zu Lëtzebuerg mat hire Liichtebengelcher duerch d’Stroossen a gi vun Haus zu Haus bei d’Leit. D‘Kanner sangen de „Léiwer Herrgottsblieschen“ an erwaarde sech dofir Schneekereien.

Mat Bedauere stellen ech fest, datt dës flott Traditioun an de leschte Joren ëmmer méi an de Vergiess geroden ass. D’Kannergruppe ginn ëmmer méi kleng an aus verschiddenen Uertschaften héiert een, dass d’Kanner guer net méi liichte ginn.

Zanter 2010 steet d’Iechternacher Sprangprëssessioun op der Lëscht vum immaterielle Weltkulturierwe vun der UNESCO. 2020 ass z.B. d’Spille vum franséische Juegdhar op d’Lëscht dobäikomm –  fir Frankräich, d‘Belsch, Italien an och fir Lëtzebuerg.  

An deem Kader géif ech der Madamm Kulturminister gäre folgend Froe stellen:

  • Ass d’Madamm Minister sech bewosst, datt Liichtmëssdag an änlech Traditioune riskéieren ze verschwannen?
  • Gesäit d’Madamm Minister en Notzen doranner, de Liichtmëssdag oder änlech Bräich an Traditioune schützen ze loossen? Wat sinn d’Argumenter vun der Madamm Minister?
  • Wier et eventuell méiglech, eng Demande ze maachen, datt Liichtmëssdag – esou wéi d’Iechternacher Sprangprëssessioun – op d’Lëscht vum immaterielle Weltkulturierwe vun der UNESCO opgeholl gëtt?
  • Wa jo, wat wier d’Prozedur fir dee Brauch esou schützen ze loossen?
  • Wier d’Ministesch bereet, esou eng Prozedur an d’Weeër ze leeden?
  • Wat fir aner Traditiounen a Bräich huet d’Ministesch wëlles schützen ze loossen?“

Äntwert

D’Ministesch weist sech an hirer Äntwert besuergt ëm dat méiglecht Verschwanne vun Traditiounen a Bräich, wéi zum Beispill Liichtmëssdag. Si betount awer och, datt si genee aus deem Grond am Gesetzprojet iwwer d’Kulturierwen e ganzt Kapitel fir dat immateriellt Kulturierwe virgesinn huet.

Dann erkläert d’Kulturministesch all d’Krittäre fir éischtens eng Traditioun op den nationalen Inventar ze setzen, an zweetens, fir eng Ufro bei der UNESCO ze maache fir op hier Representativlëscht vum liewege Kulturierwen ze kommen.

Si weist sech bereet den Trägergemeinschafte vun den Traditiounen a Bräich ze hëllefen hiert immateriellt Kulturierwen ze erhalen an deementspriechend eng Prozedur an d’Weeër ze leeën.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...