Gusty Graas

Méi politeschen Asaz fir d’Gesondheetspersonal

Eis Gesondheet an eise Gesondheetssystem sinn zënter dem Ufank vun der Pandemie nees an de Virdergrond vum Interessi geréckelt: zemol d’Gesondheetsberuffer. Aus deem Grond gouf an der Chamber an enger Interpellatioun iwwer dee Sujet diskutéiert.

D’DP begréisst, datt d’Regierung d’Revaloriséierung vun de Gesondheets- a Fleegeberuffer ugeet, sou de Gusty Graas a senger Interventioun. Am Gesondheetsministère gouf dofir d’Positioun vum Chief Nursing Officer geschaf, déi den direkten Uspriechpartner fir d’Gesondheets- an d’Fleegepersonal am Ministère ass an hiren Doleancen esou méi politescht Gewiicht gëtt.

An Zukunft musse méi Efforte gemaach ginn, fir d’Attraktivitéit vun den ënnerschiddleche Beruffer ze verbesseren an no baussen ze vermëttelen. Esou sollen erëm méi Jonker fir de Secteur begeeschtert ginn.

Den Ament hu vill Infirmieren an Aide-soignanten ze vill administrativ Aufgaben. Zäit, déi hinne fir de Patient feelt. Dat muss änneren, well de Patient an de Mëttelpunkt vum System gehéiert.

An Zukunft wäert eist Land mat engem Personalmangel am Gesondheetssecteur konfrontéiert ginn. Aktuell kënne mir dëse Mangel just ausgläichen, well mir op auslännescht Personal zeréckgräifen, wat eist Land extrem ofhängeg vum Ausland mécht. Iwwer 62% vun de Leit aus de Professions de santé réglementées kommen nämlech net aus Lëtzebuerg.

Schonn haut ass z.B. an de Fleegehaiser net genuch Personal do an och fir d’Ëmsetzung vum Plan gérontologique a vum Plan de soins palliatifs ass méi Fachpersonal néideg. Am Dialog mat de Beruffsorganisatioune schafft d’Regierung dowéinst Mesure géint déi Penurie aus.

Dozou gehéiert de Bachelor fir d’Infirmieren, dee Lëtzebuerg bis elo als eenzegt Land an der EU net ubitt. De Bachelor géif dëse Beruff opwäerten an esou och nees méi Jonker motivéieren. Doduercher kéinten den Infirmieren aner Kompetenzen iwwerdroe ginn, wat d‘Dokteren entlaaschte kéint.

Och d‘Aide-soignante musse méi Perspektive kréien, z.B. fir e Changement de carrière zum Infirmier.

D’Gesondheetsberuffer si fir eis Gesellschaft absolut systemrelevant. Dofir muss d’Politik sech elo fir d‘Gesondheetspersonal asetzen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...

Networking mat Schwong

Jonk Demokraten an DP-Memberen ënner 35 Joer hu sech am Strike um Houwald bei engem Patt an engem gudde Maufel besser kennegeléiert a bei Bowling, Darts a Co. eng flott Zäit zesumme verbruecht.

weiderliesen...