Nees méi Wuerentransport iwwer d’Strooss wéinst der Pandemie?

Ass nees méi Wuerentransport vun der Schinn op d'Strooss verluecht ginn an der Pandemie? Dem DP-Deputéierte Max Hahn ass zu Ouere komm, d'CFL Cargo hätt op mannst ee gréissere Client verluer, well de Camion an der Pandemie méi intressant wéi den Zuch wier. Hien huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob dat tatsächlech sou ass a wat d'Regierung wëlles huet fir deem Trend entgéint ze steieren.

« Et ass mer zu Ouere komm, dass am Laf vun der Pandemie CFL Cargo op mannst ee gréissere Client verluer hätt, dee säi Wuerentransport nees zréck op d’Strooss verluecht hätt, well dëst méi käschtegënschteg wier, an dass dowéinst souguer Personal vun CFL Cargo reaffektéiert hätt misse ginn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Kann den Här Minister dës Informatioune confirméieren ? Wa jo, kann den Här Minister Prezisiounen dozou ginn ?
  • Wéi vill Mataarbechter sinn innerhalb vum CFL Grupp reaffektéiert ginn ?
  • Huet de Wuerentransport iwwer d’Schinn an der Pandemie un Attraktivitéit par Rapport zum Camion verluer ? Wat wieren d’Grënn dofir ? Wat gedenkt d’Regierung z’ënnerhuele fir dësen Trend eventuell ze bremsen ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...