Gilles Baum

Prost op eise gudde Lëtzebuerger Wäin a Cremant

Kierzlech huet de Gilles Baum eng Interpellatioun zum Lëtzebuerger Wäibau ugefrot. An den Ae vum Ost-Deputéierten ass de Wäibau net nëmmen e wichtege Wirtschaftsfacteur fir eist Land, ma den traditionelle Savoir-Faire ass och en Deel vum nationale Patrimoine. Dofir ass et der DP och wichteg, datt d’Chamber sech reegelméisseg mat deem Sujet befaasst.

An deem Sënn wënscht de Gilles Baum sech, datt d’Intressevertrieder vum Lëtzebuerger Wäibau (Privatwënzer, Vinsmoselle an de Wäinhandel) méi dacks an déi zoustänneg Kommissioun kommen, fir d’Deputéiert iwwert d’Entwécklung vum Wäibau z’informéieren.

Den DP-Fraktiounschef ass a senger Interpellatioun op verschidde Schwéierpunkten agaangen, déi essentiell fir d’Zukunft vum Wäibau sinn: Den Afloss vum Klimawandel a vun der Corona-Pandemie, d’Evaluatioun vun der Vermaartung vun de Lëtzebuerger Wäiner, de Bio-Wäibau an déi politesch Ënnerstëtzung vum Wäibau.

De Gilles Baum huet an deem Kontext verschidde Fuerderungen un de Wäibauminister gestallt: déi administrativ Hürden ofbauen; eng Harmoniséierung vun der Zouloossung vu Planzeschutzmëttel; e gerechte Pensiounsregimm; e klore legale Kader fir Wäistuffen; méi einfach Prozedure fir saisonal Beschäftegt unzemellen an d’Méiglechkeet fir an de Gréngzonen esou ze bauen, datt de Wënzer verstänneg schaffe kann.

De Gilles Baum huet och gefuerdert, datt am neien Agrargesetz eng adequat Hektar-Primm fir d’Wënzerbetriber, an ugepasste Subventioune fir d’Trakteren an d’Aussiidlerhäff agebaut ginn.

D’DP ënnerstëtzt déi Punkten, fir datt eis Wënzer och an Zukunft kënnen héichwäerteg Wäiner a Cremante produzéieren.

Dir wëllt wëssen, wat eng Interpellatioun ass? Da kuckt hei:

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...